D'Rout Léiwe spillen e Freideg den Owend hir fënneft Partie an der WM-Qualifikatioun.

Op Besuch ass de Weltmeeschter vun 2014 Däitschland. Den Allersmatch haten d'Rout Léiwe mat 0:4 verluer. E Freideg den Owend wëllen de Jeff Strasser a seng Ekipp et besser maachen. Souwuel den Nationaltrainer, wéi och den Danel Sinani hunn am RTL-Interview annoncéiert, datt sech d'Rout Léiwen net nees vun Ufank u wëllen esou hannendran drécke loossen an och méi héich verdeedege wëllen.

Déi däitsch Nationalekipp wëll och de Retourmatch gewannen. D'Ekipp vum Julian Nagelsmann wëll sech als Gruppenéischte fir d'WM qualifizéieren. Am Grupp A steet een den Ament op Plaz 1 mat 9 Punkten, ma och d'Slowakei huet 9 Punkten um Kont.

Vun 20.00 Auer u kënnt Dir live op RTL ZWEE, op RTL.lu an um op RTL Play live mat dobäi sinn. Um 20.45 Auer fänkt de Match un. Och um Radio sinn d'Kolleege live fir Iech mat dobäi.

Um Platto sinn den Tom Flammang an de Marc Oberweis.

Kommentéiert gëtt de Match vum Jeff Kettenmeyer an dem Eric Hoffmann.

Sender: RTL ZWEE
Ufank vun der Emissioun: 20h00
Ufank vum Match: 20h45
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 23h15

Mir iwwerdroen op RTL.lu an iwwer d'Appen de Programm vun RTL ZWEE

Och d'Kolleege vun RTL Infos sinn um Match mat dobäi. D'Partie Däitschland géint Lëtzebuerg mam franséische Commentaire vum Jérôme Didelot an dem Xavier Descamps fannt Dir vun 20.30 Auer un hei.

De Kader vun de roude Léiwen

Golkipper:
Lucas Fox (1. FC Bocholt, Allemagne)
Anthony Moris (Al-Khaleej, Arabie Saoudite)
Tiago Pereira (Borussia Mönchengladbach, Allemagne)

Verteideger:
Florian Bohnert (SC Bastia, France)
Dirk Carlson (SKN St. Pölten, Autriche)
Eldin Dzogovic (1. FC Magdeburg, Allemagne)
Laurent Jans (SK Beveren, Belgique)
Seid Korac (Venezia, Italie)
Marvin Martins (FC Winterthur, Suisse)
Vahid Selimovic (FC Hermannstadt, Roumanie)
Eric Veiga (Flamurtari FC, Albanie)

Mëttelfeldspiller:
Leandro Barreiro (SL Benfica, Portugal)
Tomas Cruz (SL Benfica, Portugal)
Aiman Dardari (FC Augsburg, Allemagne)
Christopher Martins (Spartak Moscou, Russie)
Mirza Mustafic (Bali United, Indonésie)
Mathias Olesen (Greuther Fürth, Allemagne)
Olivier Thill (FK IMT Belgrad, Serbie)
Sébastien Thill (Stal Rzeszow, Pologne)

Stiermer:  
Kenan Avdusinovic (Progrès Niederkorn, Luxembourg)
Alessio Curci (Neftchi PFK, Azerbaïdjan)
Adulai Djabi Embalo (Virtus Entella, Italie)
Edvin Muratovic (Odra Opole, Pologne)
Danel Sinani (FC St. Pauli, Allemagne)

D'Resultater vun der WM-Qualifikatioun

D'Tabellen