De Groupement Gerkan, Marg und Partner kritt den Zouschlag fir den neie Lëtzebuerger Footballstadion. Si schaffen zesumme mam Escher Architektebüro Beng.

Den däitschen Architektegrupp "gmp", Gerkan, Marg und Partner, kritt den Zouschlag. De Stadion wäert tëscht 30 a 35 Milliounen Euro kaschten. D'Aarbechte fänke wuel am Januar 2017 un an e soll bis Ënn 2018, spéitstens Ufank 2019 stoen.

Wéi genee de Stadion wäert ausgesinn, ass nach net gewosst. Konkret Pläng ginn et nach net, datt hätt de Projet ëm ee Joer verlängert.

Ënner anerem huet den Architektegrupp "gmp" dräi Stadie fir d'Football WM a Brasilien gebaut: d'Arena da Amazônia zu Manaus, den Estadio Mineirao zu Belo Horizonte a den Estadio Nâcional Brasilia zu Brasilia.

Si waren och d'Architekte fir den Nelson Mandela Bay Stadion an de Moses Mabhida Stadion, an deene Matcher fir d'Weltmeeschterschaft 2010 a Südafrika gespillt goufen.

Och an Däitschland war Gerkan, Marg und Partner aktiv. Si hunn de RheinEnergie Stadion zu Köln an de Stadion der Freundschaft zu Cottbus, deen ähnlech Ufuerderungen huet, wéi de Projet zu Lëtzebuerg, entworf. Och ware si aktiv un dem Ëmbau vum Olympiastadion zu Berlin bedeelegt.

Den Architektebüro BENG vun Esch/Uelzecht sinn ënner anerem mat der Renovatioun vum Centre Hartmann zu Diddeleng amgaang an hunn de Centre Sportif Roger Krier zu Zolwer renovéiert. Och de Footballterrain zu Ëlwen gouf vum Büro vun Esch gebaut.