Wéinst Problemer am Knéi hänkt de Munnerefer mat 29 Joer de Vëlo un den Nol. Um Donneschdeg den Owend war hien Invité am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg.

Um Donneschdeg de Moie war et esou wäit: Den Andy Schleck huet der Press Ried an Äntwert gestanen: "Ech muss d'Spekulatioune confirméieren."

Nom erkläerte Récktrëtt: Interview mam Andy Schleck
Um Donneschdeg den Owend war den Andy Schleck Invité am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg.

Wéinst de Problemer am Trafic war déi vill erwaarte Pressekonferenz mat e bësse Retard ugaangen - 5 vir 11 war et esou wäit ...

VIDEO: Andy Schleck: Déi ganz Pressekonferenz iwwert de Récktrëtt
Den Andy Schleck hält op. Dat ass zanter dem Donneschdeg de Moie Gewëssheet. Wéinst Problemer am Knéi hänkt de Munnerefer mat 29 Joer de Vëlo un den Nol.
VIDEO: Réckbléck op d'Carrière vum Andy Schleck
Hei Biller aus 10 Joer Carrière vum Munnerefer.

Mat Tréinen an den Aen huet den Andy Schleck d'Spekulatioune confirméiert: Seng Carrière wier eriwwer, Enn 2014 wier Schluss, et géing net méi goen, d'Problemer mam Knéi wieren ze grouss.

D'Problemer stame vun der Chute an der 3. Etapp vum Tour de France - déi Problemer ass den Andy Schleck ni méi lassginn. No der Chute am Tour war hien operéiert ginn.

© Tim Hensgen

Den Andy Schleck huet alle Supporter Merci gesot, Merci fir déi vill Encouragementer a Merci virun allem senger Frëndin a sengem klenge Bouf fir d'Ënnerstëtzung. Hien hätt ëmmer wëllen d'Häerzer vun de Leit erueweren.

Am éischten deel vun der Pressekonferenz, op Englesch, huet den Andy och op Froe vu Journaliste geäntwert an ënnerstrach, datt hie vill flott Erënnerungen un de Cyclissem hätt a behale géif an datt hie villes erreecht hätt, op dat hien houfreg wier, well esou vill hätten der net vill erreecht.

© Tom Zeimet

Den Andy Schleck huet op der Pressekonferenz och kloer gemaach, datt d'Dokteren him däitlech ze verstoe ginn hätten, datt hie mat esou engem Knéi net méi op professionellem Niveau fuere kéint. Hien kéint nach Vëlo fueren, esou wéi aner Leit och, awer eben net méi op héijem Niveau.

Op Lëtzebuergesch huet den Andy du seng Verletzung méi genee duergeluecht: Et wier quasi kee Knorpel méi ënnert der Knéischeif. Hie kéint zwar nach - dat hätte den Training op Mallorca gewisen - 2 oder 3 Stonne Vëlo fueren, ma dono géif de Knéi schwëllen an da misst en Äis drop maachen a waarden, datt et nees géing besser ginn. Säi Fazit: "Dat huet kee Wäert."

Bedauert huet den Andy Schleck, datt hie keng olympesch Medail kritt huet an zu Peking "just" Véierte gouf, wat zwar och e schéint Resultat wier, ma ebe keng Medail. Soss hätt hien awer alles erreecht, wat e sech virgeholl hat.

Wat seng Zukunft ugeet, wëll den Andy Schleck elo mol seng Optioune préiwen. Hie géif eréischt d'nächst Joer 30 ginn a misst elo Verantwortung iwwerhuele fir sech a seng Famill. Iwwert konkret Pläng wéilt en op alle Fall elo mol nach net schwätzen - "soss rufft Dir mer muer rëm all un".

"Natierlech sinn ech traureg, ma ech sinn awer och frou", esou huet den Andy Schleck seng Gefillslag beschriwwen. Mat 30 Joer hätt hien nach vill Dieren op, dobäi géif säi gudden Numm him sécher hëllefen.

De Kim Andersen, Sport-Direkter vun der Equipe, huet betount, datt den Andy mat 19 Joer ugefaangen hätt an houfreg op seng 10 Joer als Profi zeréckkucke kéint.

Den Andy Schleck huet enchaînéiert: Hie géing sech elo op en neit Liewe freeën a wéilt nach aner Dreem realiséieren ...

Den Andy Schleck an der Mëtt a lénks vun him de Sportdirekter Kim Andersen a riets de Luca Guercilena, General Manager.

Den RTL-Vëlosexpert Tom Flammang bedauert, datt den Andy Schleck dem Profi-Cyclissem verluer geet, versteet a respektéiert awer dem Munnerefer seng Decisioun.

AUDIO: Den Tom Flammang iwwert de Récktrëtt vum Andy Schleck

COMMUNIQUÉ VUN TREK: Andy Schleck Announces Retirement

(Mondorf-les-Bains, Luxembourg) - After nine years at the top of the sport, Trek Factory Racing standout Andy Schleck announced this morning that he will retire from professional cycling. The young Luxembourger’s career was forced to an untimely end by the knee injury he sustained in a Tour de France crash earlier this year.

Den Andy Schleck um Donneschdeg den Owend am RTL Journal

“I’m obviously disappointed to end my career like this,” said Schleck. “I would have liked to keep on fighting but my knee just doesn’t allow it. Since my crash in the UK there has hardly been any progress. While the ligaments have healed, the damaged cartilage is another story. I have been working hard on rehabbing the knee but came to the hard realization that at the risk of irreversibly injuring it, this is the best course of action.”

In his storied career, Schleck rode to victory on some of cycling’s biggest stages, stepping four times onto Grand Tour podiums. Among his many notable accomplishments, Schleck won the 2010 Tour de France and triumphed in the 2009 Liège-Bastogne-Liège after a courageous solo breakaway. Schleck highlights his win on the Galibier stage of the 2011 Tour de France as one of his most memorable achievements.

Though only 29 years old, Schleck has made a lasting impact on the sport, and his presence in the pro peloton will surely be missed. Well-loved by fans and teammates alike, Schleck’s legacy will be his good nature, strength of character, and sportsmanship. In his years at the highest level of the sport, Schleck distinguished himself as a humble, hard-working and earnest competitor.

© Tom Zeimet

“Andy was an instant and natural fit for the Trek family when we first met him with LEOPARD-TREK," said Trek VP Joe Vadeboncoeur. "It has always been more about family than anything else at Trek, and so it is with Andy. On top of that, Andy is one of the most talented cyclists of all time. Many of my best days as a cycling fan have been while watching Andy race. We have celebrated the great days and endured the difficult ones alongside him. I know great things are ahead for Andy. He will always have friends and a family at Trek.”

At the unfortunate end of a career of limitless potential, Schleck is quick to keep things in perspective. “Cycling has been my life for many years and I will need time to figure out what I’d like to do. Luckily I can count on my family, friends, and Trek who have always supported me,” he said. "I am very happy to have trained and raced alongside my brother and to have made some of the best friends that I have. I have always said that cycling is not the beginning and the end of my life. I have a wonderful girlfriend and a wonderful son. I’m excited to find out what lies ahead.”

Den Andy Schleck huet ënnert anerem 2010 den Tour de France an 2009 de Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck gewonn. Elo ass, wéi gesot, am Alter vun 29 Joer Schluss fir de jéngste Schleck-Brudder.

VIDEO: Den Andy Schleck hält mat senger Carrière op
De Munnerefer begrënnt dëst mat senge Problemer mam Knéi, déi hie wéint der Chute an der 3. Etapp vum Tour de France huet an ni méi lass ginn ass.

RTL.lu hat dem Andy Schleck seng Pressekonferenz en direct iwwerdroen. / © Tom Zeimet