Am Tennis kann déi jonk däitsch Spillerin sech no enger spannender Partie mat 6:2, 6:1 géint d'Barbora Zahlavova Strycova aus Tschechien duerchsetzen.

Et wor eng ganz spannend Partie um Samschdeg op der Kockelscheier. Déi däitsch Annika Beck konnt sech direkt en éischte Break sécheren a wor no 20 Minutte souguer 3:0 vir. D'Géignerin aus Tschechien huet sech zwar op 2:4 kënnen erop kämpfen, dat ass awer net duergaang, soudatt d'Annika Beck sech no 45 Minutte konnt den éischte Saz mat 6:2 sécheren.

D'Beck huet och am zweete Saz extrem souverän gespillt. Si huet manner Feeler gemaach wéi d'Géignerin, déi net an hirer beschter Form wor. Beim 0:4 huet d'Zahlavova Strycova zwar nach e Spill gewonn, mä d'Beck ass roueg bliwwen an huet sech déi zwee lescht Spiller geséchert.

Sou wënnt déi 20 Joer jonk Däitsch Annika Beck mat 6:2, 6:1 d'Finalle géint d'Barbora Zahlavova Strycova aus Tschechien.

Trotz dem ganz däitleche Resultat wor et eng spannend Partie mat éischtklassegem Tennis.

Domat ass et fir déi däitsch Spillerin (WTA-60) hiren éischten Titel an hirer Carrière.

Am Dubbel konnt d'Koppel Bacsinszky/Barrois sech géint Hradecka/Krejcikova mat 3:6, 6:4, 10:4 duerchsetzen.

D'Annika Beck konnt sech an der Halleffinall géint Denisa Allertova behaapten an d'Barbora Zahlavova konnt d'Mona Barthel eliminéieren.