Zesumme mat RTL hunn déi Responsabel vum T71 Diddeleng sech eng flott Aktioun afalen gelooss, déi wäit iwwert dat Sportlecht erausgeet.

Sportlech gekuckt, hu sech déi Diddelenger Hären d'lescht Saison knapp an der Finale vum Championnat konnte géint d'Amicale Steesel behaapten. Kuerz drop koum de Responsablen vum Veräin eng Iddi, déi lo e puer Méint drop konnt ëmgesat ginn, den T71 President Marcel Wagener. Et war séier kloer, datt een dem klenge Max wéilt hëllefen. De Jean-Paul Friederich, en Ex Diddelenger Footballspiller geet zanter 2009 mat sengem kranke Bouf Max op de Basket. Vun 2010 un ass de Logo vun der ELA op all den Uniforme vun dem T71 ze fannen. De Max ass och eng vun den Haaptfigure vum T71 a steet ëmmer am Mëttelkrees virum Match mat de Spiller. De Max huet bis ewell nach kee vun den Titele vum T71 als Spectateur verpasst.

D’ELA ass d’Ofkierzung fir “Association Européenne contre les Leucodystrophies” a setzt sech fir déi Familljen an déi vum enger Leucodystrophie betraff sinn.

Op rtl.lu kënnt der also eppes fir de gudden Zweck maachen an dir kritt als Souvenir nach en Trikot vum Doublésgewënner vun der Réckenummer 4 un bis bei d'Nummer 15, sou de Marcel Wagener.

D’Mindestgebot ass 100.- Euro pro Uniform.

D'Stee op rtl.lu leeft iwwregens nach bis den 30. November.