Um Donneschdeg den Owend am Casino zu Munneref war d'Wiel vum Sportler, der Sportlerin an der beschter Equipe vum Joer.

Bei den Häre gewënnt de Gilles Müller eng éischte Kéier dës Trophy (no 3 Kéieren op der zweeter Plaz). Op d'Plazen 2 an 3 kommen de Schwëmmer Laurent Carnol an de Cycliste Ben Gastauer.

Bei den Damme geet de Titel un d'Karateka Jenny Warling. Op d'Éiereplaze kommen d'Cyclistin Christine Majerus an d'Schwëmmerin Julie Meynen.

Als bescht Equipe gouf d'Dëschtennis-Nationalequipe vun den Damme gewielt.

D'Nowuesspräisser ware fir d'Schwëmmerin Julie Meynen an de Footballspiller Dwayne Holter.

De Fair-Play-Präis goung un den Arbitter André Urbing.

An den Éierepräis war fir de fréiere Coureur Jempy Schmitz.

71 Sport-Journalisten hate gewielt an d'Resultater ware méi däitlech, wéi sech dat erwaart gi war.

De President vun der Lëtzebuerger Sportpress, Petz Lahure, ass iwwregens um Freideg de Mëtteg um 13.30 Auer Invité am Radio-Sport-Club op RTL Radio Lëtzebuerg. Mat him gëtt natierlech iwwert d'Wiel vum Sportler vum Joer an de Gala vum Donneschdeg den Owend geschwat.

Zweeten Invité ass den Tom Habscheid op Besuch. Mat him kucke mir no vir op d'Paralympics vu Rio 2016, fir déi sech de Diskuswerfer mat Behënnerung qualifizéiere wëll.

Geschwënn méi Fotoe vum Gala hei op RTL.lu.