De fréieren Organisateur Christian Weyland mat senger Pegasus Agency schéngt d'Land verlooss a vill Rechnungen opstoe gelooss ze hunn ...

Am Juni dat leschte Joer war déi 2. Editioun vum Ironman op der Musel. Zanterhier ginn et vill laang Gesiichter. Vill Geschäftsleit hunn nämlech vum Organisateur Pegasus Agency S.A. nach Suen ze gutt. Mëttlerweil ass Pegasus faillite. Fakt ass awer, dass eleng duerch d'Startgelder ganz vill Suen erakomm sinn. De Rich Simon huet den Iwwerschlag gemaach, ëm wéi vill Suen et geet, an hien ass och der Fro nogaangen, wou den Organisateur drun ass.

AUDIO: Wou sinn d'Sue vum Ironman? Rep. Rich Simon

Mäerz 2013: Op enger Pressekonferenz op der Marie-Astrid setzen alleguerten d'Buergermeeschtere vun deene Gemengen, an deenen den Ironman soll passéieren, un engem Dësch beieneen. Do dernieft och nach déi fréier Tourismusministesch Françoise Hetto-Gaasch an de Sportminister Romain Schneider. Geleet gëtt d'Pressekonferenz vum Christian Weyland. Hien ass dee Mann, deen den Ironman op Lëtzebuerg bréngt. Alleguerten um Dësch si se begeeschtert vun der Iddi. Eng besser Promotioun fir d'Musel kéint et net ginn. Esou sportlech Organisatioune wiere wichteg fir d'Land. Dat waren ënnert anerem Aussoen, déi een héieren huet. Et souzen awer och Leit am Public, déi skeptesch waren. Schonns deemools hunn der vill dem Christian Weyland net esou richteg getraut. An déi sollte Recht behalen.

Goufen d'Rechnungen nach beim 1. Ironman méi oder manner an den Delaie bezuelt, esou war dat dat leschte Joer net méi de Fall. Eisen Informatiounen no hunn elo iwwer 30 Creanciere ronn 350.000 Euro ausstoen. Dat ass een décke Batz.

Et sinn awer och vill Suen erakomm.

Eleng u Startgelder sinn dat leschte Joer bei 1.800 Sportler, déi um Depart waren, eng 400.000 Euro an d'Keess komm. Bezuelt goufen eisen Informatiounen no awer just 100.000 Euro fir d'Lizenz bei der Firma Ironman Europe an 10.000 Euro Acompte bei enger Lëtzebuerger Firma. Dat heescht eng 300.000 Euro missten iergendwou sinn.

Awer wou?

Och Sponsorsue sinn op d'Konte vun der Pegasus Agency S.A. gefloss. Och hei stellt sech d'Fro: Wou sinn déi Suen?

Fakt ass, dass de Christian Weyland mam Ironman vill Suen erageholl huet an awer praktesch keen am 2. Joer bezuelt huet.

D'Faillite vu Pegasus Agency S.A. gouf den 28. November gesprach.

De Christian Weyland ass zwar den Ament nach hei zu Lëtzebuerg ugemellt. Eisen Informatiounen no wunnt hien awer elo an Éisterräich. Zu Kitzbühel.

Hutt Dir weider Infoen, da mailt eis - op ironman@rtl.lu