RTL huet mat Betraffene geschwat, déi sech net nëmmen hannergaangen, ma sech och vun der Politik am Stach gelooss fillen ...

Um Donneschdeg hu mer Iech op dëser Plaz gesot, dass den Organisateur vum Ironman op der Musel ronn 350.000 Euro Scholde bei senge Creancieren huet. Dat fänkt bei relativ klengen Zommen un an et geet bis an den héije 5-stellege Betrag. De Rich Simon huet mat engem vun iwwer 30 Creanciere geschwat.

AUDIO: Wou sinn d'Sue vum Ironman? Deel 2 - Rep. Rich Simon

De Marc Fusenig ass Direkter vun engem gréisseren Hotel an der Muselgéigend. An deem ware fir déi zweeten Editioun vum Ironman 32 Zëmmer fir Athlete reservéiert. Déi waren tëscht 2 a 4 Nuechten am Hotel logéiert. Um Enn stoung eng Rechnung zu Buch an engem niddrege 5-Stellege Betrag. E Betrag dee bis haut nach opsteet ...

Den Administrateur vu Pegasus hätt zwar nach um Telefon erkläert, e puer Sponsoren hätten nach net bezuelt a wann dat geschitt wier, géif d'Rechnung bezuelt ginn, ma et wier näischt geschitt an et wier dono och net méi méiglech gewiescht, un den Administrateur ze kommen.

Mam Administrateur ass de Christian Weyland gemengt. Genee wéi och aner Leit fillt sech de Marc Fusenig vun him hannergaangen.

RTL

De Christian Weyland

De Marc Fusenig ass awer och enttäuscht vun de lokalen a nationale Politiker. Hie seet, dass hien, an och anerer, encouragéiert goufen, fir beim Ironman matzemaachen. Elo géife si awer op hirer Rechnung sëtze bleiwen.

Eng ganz Partie vu Geschäftsleit hunn nach Suen ze gutt an déi kruten an de leschte Woche komescherweis e Bréif, wou se gefrot goufen, ob se bei der 3. Editioun vum Ironman wéilten als Sponsor matmaachen ...

Genee wéi de Marc Fusenig dierften och nach vill aner Geschäftsleit enger 3. Participatioun als Sponsor vum Ironman méi wéi skeptesch géinteniwwer stoen.

Eng weider Firma, déi betraff ass, ass Navitours. D'Bootbedreiwergesellschaft huet nach ronn 40.000 Euro zegutt.

AUDIO: Suivi Ironman / Reportage Rich Simon

Si sinn awer praktesch och déi eenzeg, déi een Acompte kruten. Nämlech 10.000 Euro. Dem Kontrakt no sollt een zweeten Acompte gemaach ginn an zum Schluss de Betrag, deen nach iwwreg géif bleiwen.

Dat war Theorie. An der Praxis koum nämlech no den éischten 10.000 Euro näischt méi. D'Firma gouf awer ëmmer nees mat Ausrieden vum Organisateur Pegasus hi gehalen, seet den Daniel Kieffer vu Navitours. Wéinst de villen Iwwerweisunge wier de Kont vu Pegasus gespaart ginn, hu si op Nofro der Firma Navitours matgedeelt. Dowéinst hätt een och den zweeten Acompte net kéinte bezuelen. Dat hunn d'Leit vun Navitours verstanen, well esou e Fall net seele vir ka kommen.

Den 18. Juni zejoert koum dunn awer een Acompte. 20.000 Euro wieren iwwerwise ginn. Dëst war awer eng Fälschung, well esou e Betrag ni bei Navitours um Compte ukomm ass.
Deen Trick huet de Christian Weyland net nëmme bei Navitours gemaach. Hien huet e Virement online ausgefëllt an ausgedréckt. Deen ass dunn als sois-disant Beweis un eng Email-Adresse gehaange ginn. Destinataire sinn dunn dovunner ausgaangen, dass de Virement gemaach gouf. Allerdéngs gouf hien ni validéiert an et konnten natierlech och keng Suen op Destinataireskonten ukommen.

Genee wéi den Hotelier, dee mir de Freideg de Moien am Interview haten, ass och den Daniel Kieffer awer net nëmme rosen mam Christian Weyland. Nom Ironman goufen u verschidden Adressen Bréiwer geschéckt, datt un d'Gemeng, de Ministère, den ONT an den ORT an datt vu ville Betriber. Mä leider gouf et do vu kenger Säit eng Stellungnahm. D'Äntwert vum ORT, datt Navitours als éischte géif fir déi nächst Editioun gefrot ginn, fënnt d'Entreprise lächerlech. Et wéilt ee sech net méi uschmiere loossen.

An dat Spill wëll den Daniel Kieffer net méi matmaachen.

Hutt Dir weider Infoen, da mailt eis op ironman@rtl.lu