Op de Spiller vun de klenge Länner an Island huet Lëtzebuerg um Dënschdeg - also um 1. Kompetitiounsdag - och direkt seng éischt Medaile kritt.

Wéinst der Zäitverschiebung, Island ass 2 Stonnen hannert eis, si ganz vill Decisiounen eréischt am Owend gefall.

Hei e klengen Iwwerbléck iwwert d'Resultater vun de Lëtzebuerger Athleten um Dënschdeg:

Schwammen: Rekorder an Normen

Bei den 200 m 4 Nages gëtt et Gold fir de Raphaël Staachiotti - an hie packt d'Norm fir Rio! Bei den Dammen: Bronze fir d'Monique Olivier.

2 Medailen direkt beim 100 Meter Crawl bei den Hären: Gold fir de Julien Henx a Bronze fir de Jean-François Schneiders.

Am 100 m Crawl bei de Fraen: Gold fir d'Julie Meynen.

Bronze fir d'Eline van den Bossche am 200 m Réck, bei de Männer ass et do Gold fir de Jean-François Schneiders.

Sëlwer fir d'Monique Olivier am 200m Papillon: neie Lëtzebuerger Rekord an 2 Minutten, 18 Sekonnen an 18 Honnerstel, deen ale war 2.18.99 vun him.

200 Meter Papillon Männer: Gold fir de Laurent Carnol an 2 Minutten 2 Sekonnen an 93 Honnertstel - dat ass och neie Rekord! Den ale Rekord 2.04.80 ass vum Luc Decker aus dem 2003.

VIDEO: JPEE: Stacchiotti packt Norm fir d'Olympesch Spiller
Bei den 200 m 4 Nages gëtt et Gold fir de Raphaël Staachiotti - an hie packt d'Norm fir Rio! Bei den Dammen: Bronze fir d'Monique Olivier.

Liichtathletik

Am Bommstousse gewënnt de Bob Bertemes mat enger Wäit vun 19,11 m d'Goldmedail.

Am Stafhéichsprong gewënnt de Sébastien Hoffelt Bronze.

De Pol Mellina gewënnt d'Bronzemedail iwwert 5000 m.

Gold um Dënschdeg den Owend da fir d'Charline Mathias iwwer 800 m. D'Martine Nobili kënnt op déi 4. Plaz.

D'Charline Mathias / © Lynn Kayser

Weider Sportaarten

Am Turnen gewënnt d'Lisa Pastoret iwwerraschend Bronze am Eenzel. A par équipe gewannen d'Dammen am Mehrkampf och Bronze.

D'Loftgewierspezialistin Carole Calmes kënnt an der Finale mat 196,7 Réng op déi zweete Plaz. Gewonn huet d'Lokalmatadorin Einarsdottir. An der Qualifikatioun war d'Carole Calmes mat 414,2 Reng nach Éischt.

© C.Hochard

Et ass och eng nei perséinlech Beschtleeschtung vum Carole Calmes.

© J. Kettenmeyer

Equippesport

Am Beachvolleyball bei den Dammen hunn d'Anne Grethen an d'Rebekka Klerf an 2 Sätz, 10-21 an 18-21, géint d'Koppel aus Zypern verluer.

Am Basket gouf et am éischte Match déi éischt Victoire fir d'Dammen-Nationalequipe. D'FLBB-Selektioun konnt sech souverän 88 op 55 géint Monaco duerchsetzen. Schonn an der Paus war d'Equipe vum Trainer Herrmann Paar 13 Punkte vir. Topscorer war Lisa Jablonowski mat 17 Punkten.

An Island leeft dës Woch déi 16. Editioun vun de Spiller vun de klenge Länner.

De Lëtzebuerger Fändel gouf e Méindeg vum Ralf Lentz an de Stadion zu Reykjavik gedroen, wou d'Ouvertureszeremonie war.

VIDEO: Spiller vun de klenge Länner
Spiller vun de klenge Länner, Resultater vum Dag.