Wéi de Julien Henx konnt och d'Monique Olivier säin eegenen nationale Rekord am Schwamme verbesseren.

Op der Weltmeeschterschaft am Schwammen zu Kasan a Russland, verbessert d’Monique Olivier den eegene Rekord iwwer 800 Meter Crawl ëm iwwer 2 Sekonnen (2‘34‘‘). Déi nei Zäit steet elo bei 8 Minutten 45 Sekonnen a 37 Honnertstel.

Mat enger Zäit vun 22 Sekonnen an 97 Honnertstel bleift de Lëtzebuerger Julien Henx fir d'éischte Kéier ënnert 23 Sekonnen a verbessert säi Rekord ëm 6 Honnertstel. De Lëtzebuerger gëtt den zweeten a sengem Virlaf. Et sollt awer net duergoe fir sech fir d'Halleffinale ze qualifizéieren. Hie gëtt um Enn de 37. vun 113.

© pressphoto.rtl.lu / Archiv

De Raphael Stacchiotti war iwwert 100 Meter Papillon am Asaz. De Schwëmmer vun Ettelbréck huet 55 Sekonnen an 96 Honnertstel gebrauch a bleift domadder ronn annerhallef Sekonn iwwert dem eegenen nationale Rekord. Et ass déi 54. Plaz ënnert 73. Schwëmmer.

De Raphael Stacchiotti ass op der WM net an Top-Form, well hien an der Virbereedung opgrond vun enger Verletzung net voll trainéiere konnt.