Beim Tournoi de Noël koum et um Mëttwoch beim Football zu engem organisatoreschen Tëschefall.

RTL géintiwwer hu sech d'Studente vun der Uni Lëtzebuerg opgereegt, datt si disqualifizéiert goufen an esou hiren Titel vun de leschten zwee Joer net konnte verdeedegen.

D'Footballequipe huet net dierfen un de Finallen deelhuele, well verschidde Spiller net spillberechtegt waren.

D'ACEL huet erkläert, datt en Deel vun der Equipe um Campus Lampertsbierg géif studéieren, dësen allerdéngs kee Cercle ass, deen zu der ACEL gehéiert an esou géint d'Statute géif verstoussen.

Den Tournéier huet iwwregens de Cercle vu Bréissel gewonnen.

Ausser dësem Tëschefall war den Tournoi de Noël soss awer e grousse Succès fir d'Organisateuren Acel a Lasel. Am ganze 27 Studentencercelen aus de sëlleche Stied hu sech wéi ëmmer an de Sportaarte Volleyball, Basket a Football gemooss. An awer stoung bei ville virun allem de Spaass am Mëttelpunkt.

AUDIO: Tournoi de Noël / Reportage Pierre Jans

Spill a Spaass bei den engen, Éiergäiz bei den aneren

All déi grouss Uni – Stied ware vertrueden. Stroossbuerg, München, Montpellier, Wien, a.s.w. haten eng Equipe dobäi, Summa Sumarum iwwer 60 Equippen.

En Dënschdeg war et um Volleyball an um Basket, e Mëttwoch gouf da Football gespillt.

VIDEO: Tournoi de Noël 2015
All déi grouss Uni – Stied ware vertrueden. Stroossbuerg, München, Montpellier, Wien.....haten eng Equipe dabei. Summa Sumarum iwwer 60 Equipen.