15 Joer Tennisprofi – de Spagat tëscht Héichleeschtungssport a Familljeliewen am groussen Documentaire vum Nico Keiffer op RTL Télé Lëtzebuerg.

Zanter 2001 ass de Gilles Mulller am Proficircuit ënnerwee, huet do bis elo 802 Matcher gespillt an dovunner der 471 gewonnen. Dat mécht en Taux de Reussite vun 58,73 Prozent.

Déi aktuell Nummer 38 aus dem ATP-Ranking ass bestuet a Papp vun 2 Bouwen, dem Lenny an dem Nils. Et d'ass deemno net ëmmer einfach, Beruff a Familljeliewen ënnert een Hutt ze kréien, well deen 32 Joer ale Sportler vum Joer lieft eng 20 bis 25 Wochen am Joer aus der Walliss.

2015 huet hie 24 Tournoie gespillt an 23 Stied a 13 verschiddene Länner op 4 vun deene 5 Kontinenter.

Zanter sengem 5. Liewensjoer ass Tennis seng Passioun, zanter 15 Joer sou ganz niewebäi säi Beruff.

Wéi en Tennisjoer vum Gilles Muller ausgesäit, hu mer Iech um Sonndeg, 27. Dezember um 20 Auer am Documentaire MULL-ACE op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu gewisen. Do ass d'Emissioun elo och am Replay ze fannen.