Bei den Damme koum d'Christine Majerus op déi zweete Plaz. Bei den Häre gëtt de Vincent Dias Dos Santos 17.

Bei der 69. Editioun vum internationale Cyclocross op Neijoerschdag zu Péiteng ka sech den däitsche Marcel Meisen eng éischte Kéier an de Palmarès aschreiwen. D'Lëtzebuerger haten näischt mam Ausgang vun der Course ze dinn, als beschte Lëtzebuerger klasséiert sech de Vincent Dias Dos Santos als 17.

AUDIO: Cyclocross Péiteng: Lynn Kayser

40 Coureuren hunn e Freideg de Mëtteg den Depart vum internationale Cyclocross zu Péiteng geholl, ënnert hinnen huet virun allem een, nämlech den Däitsche Marcel Meisen, erausgestach. Den Däitsche Champion am Cyclocross sollt dëser Course de Stempel opdrécken.

Op deem ganz schwéiere Parcours mat vill biergop huet den Däitsche schonn am zweete vun am ganze 7 Tier d'Féierung iwwerholl. An déi bis op d'Arrivée ëmmer weider ausgebaut, fir um Enn mat enger Avance vun 58 Sekonnen op den Zweeten, de Fransous Francis Mourey, iwwert de wäisse Stréch ze fueren.

Den Tschech Tomas Paprstka kompletéiert als Drëtten de Podium.

Cyclocross op Neijoerschdag
Bei den Hären huet sech bei der Elite den Däitsche Marcel Meisen duerchgesat. Beschte Lëtzebuerger war hei de Vicent Dias Dos Santos op der 17. Plaz.

Bei der gutt besatener Course konnten déi bescht Lëtzebuerger wéi erwaart net vir matfueren an et huet keen et ënnert déi beschten 10 gepackt. De Vincent Dias Dos Santos hat zwar e gudden Depart erwëscht, loung no den éischten zwee Tier op der 8. Plaz, ma huet du awer mussen e Gang zeréck schalten. Den Téitenger klasséiert sech um Enn als 17. op 3 Minutten a 56 Sekonnen.

De Lëtzebuerger Champion Christian Helmig, deen net seng beschte Form erwëscht hat, klasséiert sech knapp hannendrun als 18. op 4 Minutten an 8 Sekonnen.

Bei den Damme gouf et eng Victoire fir d'Hollännerin Thalita de Jong. D'Lëtzebuerger Championne Christine Majerus gëtt déi gutt Zweet op eng Minutt an 31 Sekonnen. D'Lëtzebuergerin, déi déi lescht Woch nach krank war, war no der Course zefridde mat hirer Leeschtung.

Bei den Juniore war den Noah Fries vun Téiteng de Stäerksten. Bei den Debutantë gouf et eng Victoire fir de Fransous Anthony Girard. Beschte Lëtzebuerger gëtt den Nicolas Kess als Zweeten.