Am Magazin op RTL Télé Lëtzebuerg hu mer gewisen, wéi de Marc Giradelli a seng Equipe déi extrem Course "Patrouille des Glaciers" gemeeschtert hunn.

D’Patrouille des Glaciers! Bei Dag a vrun allem och bei Nuecht geet et 53 km queesch duerch de Wallis, 4000 Meter Héichtenënnerscheed, Bierg op a Bierg of vun Zermatt bis op Verbier, dat entsprécht 110 Leeschtungskilometeren.

Fir déi 20. Kéier wor de Startschoss fir des legendär Course vun der Schwäizer Armei, dëst Joer ass ënnert den 4.710 Athleten aus 33 Länner och eng Lëtzebuerger Patrouille.

“Team Lëtzebuerg” dat sinn de Marc Girardelli, de Jacques Lanners, de Michel Lanners souwéi als Reservist dem Hanno Treindl.

De Reportage, wéi si déi extrem kierperlech Ustrengunge vun enger vun den härdeste Schitouren-Coursen op der Welt gemeeschtert hunn, wou och d’Pippa Middleton an de Kroun-Prënz Frederik vun Dänemark matgemaach hunn, den Owend um 19.00 Auer am Magazin.