De Miralem Pjanic ass elo offiziell e Spiller vu Juventus Turin. De bosneschen Nationalspiller huet e Kontrakt vu 5 Joer bei de Juve ënnerschriwwen.

De bosneschen Nationalspiller hat nach e Kontrakt bei der Roma, d'Juve wollt den 26 Joer ale Mëttelfeldspiller awer. An sengem Kontrakt war eng Klausel vun 38 Milliounen Euro fir aus dem Vertrag erauskaf ze ginn. Wann d'Veräiner ënnert sech, an de Spiller mam neie Veräin sech eens sinn, steet dem Transfert näischt méi am Wee, sou de Beroder vum Pjanic, Dokter Michael Becker.

AUDIO: Dr Becker iwwer Pjanic-Transfert/Reportage Franky Hippert

Den italienesche Meeschter hat e Méindeg op senger offizieller Homepage matgedeelt, datt de bosneschen Nationalspiller fir de medizinesche Check zu Turin ass. Am Laf vum Owend dunn huet och d'AS Roum bestätegt, dass de Pjanic op Turin wiesselt.

Domat ginn d'Rumeuren aus de leschte Wochen op en Enn, an de Pjanic dréit der Roma no 5 Joer de Réck an spillt vun der neier Saison u fir d'Juventus.

Hien huet e Kontrakt vu 5 Joer ënnerschriwwen a verdéngt 4,5 Milliounen Euro d'Joer. D'Juve huet 32 Milliounen Euro un d'Roma musse bezuelen.

De Pjanic war jo och nach bei enge sëllechen aneren europäeschen Top-Veräiner am Gespréich. Um Enn bleift de Pjanic dann elo awer an Italien.