Iwwer 100 m Crawl konnt d'Lëtzebuergerin um Mëttwoch den Owend en neie Rekord opstellen, ma fir d'Halleffinale goung et awer net duer.

D'Julie Meynen war bei de Virleef iwwert d'100m Crawl an der drëtter Serie am Asaz.

Si konnt hiren eegene Lëtzebuerger Rekord ëm 9 Honnertstel verbesseren op elo 55'09.

Trotzdem goung dës Zäit net duer, fir weiderzekommen, well just déi 16 Bescht kommen an d'Halleffinale.

VIDEO: Rio: Julie Meynen iwwer 100 m Crawl
D'Julie Meynen huet op den 100 Meter Crawl en neien nationale Rekord opgestallt. Fir d'Halleffinale goung et trotzdem net duer.

D'Julie Meynen gëtt um Enn dat 25. ënner 46 Schwëmmerinnen.

VIDEO: Rio: Interview Julie Meynen
Landesrekord iwwer 100 m Crawl, awer keng Halleffinallen.
AUDIO: Resumé vum Dag / E Reportage vum Franky Hippert