Um Freideg am fréien Owend war déi 18 Joer al Lëtzebuergerin iwwer d'50 m Crawl am 7. Virlaf am Couloir 6 am Asaz a ganz séier ënnerwee.

Mat 25'12 war d'Julie Meynen nämlech 19 Honnertstel méi séier wéi den eegenen ale Rekord, dee bei 25'31 louch. En neie Rekord war jo dat erkläertent Zil.

VIDEO: Rio: Course vum Julie Meynen iwwer 50 m Crawl
Fir d'Halleffinale goung et zwar net duer, ma fir en neien nationale Rekord schonn. Dat war jo och d'Zil.

An hirer Serie war d'Julie Meynen déi Zweet. Am Ganze goufen 12 Serië geschwommen.

VIDEO: Rio: Interview mam Julie Meynen no der Course
Déi gutt Leeschtung iwwer 50 m Crawl gouf mat enger Verbesserung vum eegene Lëtzebuerger Rekord belount.

89 Schwëmmerinne waren um Depart, um Enn kënnt d'Julie Meynen op déi gutt 26. Plaz.

AUDIO: Rio Meynen a Grethen / Reportage Franky Hippert