Op enger Pressekonferenz huet de Luc Holtz matgedeelt, dass de Jonathan Joubert déi nächst Partien net méi am Goal vun der Nationalequipe steet.

An de leschten 10 Joer stoung den Joubert 85 Mol am Goal vun de roude Léiwen. Déi nei Nummer 1 ass den Anthony Moris, dee beim Veräin aus der Belge Malines spillt. Fir de Luc Holtz war et elo de richtege Moment fir virun der nächster WM-Qualifikatiounskampagne, déi den 6. September mam Match a Bulgarien lancéiert gëtt, dëse Wiessel fir ze huelen.

AUDIO: FLF-Selektioun / Reportage Lynn Kayser

Sou ganz kann de Jonathan Joubert dat ganzt net verstoen, mä de Staf an den Trainer huelen déi Decisiounen. Als Spiller muss een datt esou unhuelen.

Dem Trainer, dee 5 Joer mam Spiller geschafft huet an eng gewësse Relatioun mat him opgebaut huet, ass déi Decisioun dann och net einfach gefall. Et war awer elo virun der WM-Qualifiktiounscampagne de richtege Moment, fir ze wiesselen. De Joubert huet e gewëssen Alter während den Anthony Moris zu Malines an der éischter Belscher Liga elo d'Nimmer 1 am Goal ginn ass.

Als Nummer 2 wollt de Jonathan Joubert awer am Moment net matgoen, och wann de Luc Holtz hien do gär gehat hätt. Ob hien an Zukunft déi Roll awer iwwerhëlt, kann hien aktuell net soen.