VIDEO: Charly Gauls Wieder fir déi 27t. Editioun vun der Randonnée.
Eng 1.000 Cyclisten hunn sech vun Iechternach aus, op déi zwee Parcourse gemaach. 106, respektiv 157 Kilometer stoungen zur Wahl. Mat all Kéiers säftege Koppen.
Um 1. Parcours vun 157 Kilometer goufen et 12 zolitt Koppen. Eng 480 Cyclisten si matgefuer.
De Parcours iwwer 106 Kilometer hat 500 Leit ugezunn. Ënnerwee goufen et eng Rei fatzeg Donnerwiederen.
De Vainqueur um Enn war de Lëtzebuerger Ivan Centrone, 8 Joer no sengem Brudder Vincenzo, no 4 Stonnen an 20 Minutten. Den Ivan kënnt frësch aus dem Tour de l'Avenir.






























Am meeschte gelies