Hegehogs Bascharage-Arantia Fiels 67:79, Musel Pikes-Sparta 91:65, Contern-Amicale 77:95.
Hedgehogs Bascharage - Arantia Fiels 67:79 (18:16, 17:24, 16:19, 16:20)
Béid Equippen haten virum 7. Spilldag nach keng eenzeg Victoire um Konnt. Am éischte Véirel konnt sech keng Equipe wierklech ofsetzen. Duerno hat d'Fiels dunn awer e Gang eropgeschalt a konnt sech bis zur Paus eng liicht Avance vun 5 Punkten erausspillen. Och no der Paus huet Arantia säin Virspronk lues a lues ausgebaut. Bascharage huet sech richteg schwéier gedoen nees an de Match zeréckzefannen, souwuel offensiv wéi och defensiv. Um Enn setzt sech Arantia Fiels mat 79:67 duerch a feiert domat déi éischte Victoire an der Saison. Bascharage muss weiderhin op déi éischt Victoire waarden.
Musel Pikes - Sparta 91:65 (25:18, 20:15, 21:15, 25:17)
Souwuel d'Musel Pikes wéi och d'Sparta loungen virum Match allebéid punktgläich op der drëtter Plaz. Déi Bartrenger wollten no hirer klorer Defaite vum leschte Weekend géint Contern eng Reaktioun weisen, haten awer och nees e Samschdeg géint Musel Pikes sou hir Problemer an de Match ze fannen. D'Pikes hirersäits hunn aus allen Ecken getraff an haten an der éischter Halschent wäit iwwer 60% Trefferquote. D'Sparta war defensiv einfach ze schwaach. Och nom Säitewiessel koum net déi néideg Reaktioun vu Bartreng an d'Pikes konnten hir Avance souguer op iwwer 20 Punkten ausbauen. Bartreng muss sech um Enn mat 65:91 geschloen ginn.
Contern - Amicale 77:95 (16:28, 30:19, 15:17, 16:31)
Am Spëtzematch vum 7. Spilldag hat Contern d'Amicale aus Steesel op Besuch. Béid Equippen loungen virum Match punktgläich un der Tabellespëtzt. Et stoung vill um Spill fir béid Equippen. Dëser Partie sollt et also net u Spannung an Intensitéit fehlen. Steesel hat direkt de besseren Depart erwëscht a konnt sech am éischte Véirel mat 28:16 ofsetzen. Contern huet duerno awer schnell reagéiert a konnt sech bis virun der Paus nees bis op een Punkt erunkämpfen. Am 3. Véirel sollt et och ganz enk bleiwen, keng Equipe konnt sech richteg ofsetzen. Am leschte Véirel koum Contern dunn awer ferm ënnert Rieder. Bei Contern wollt einfach näischt méi klappen an déi Steeseler hunn dovun profitéiert an de leschte Véirel kloer mat 31:16 fir sech entscheed. Steesel wënnt um Enn 95:77 an iwwerhëlt domat och Tabellespëtzt, virun Contern an de Musel Pikes.

© Maya a Robert Straus/RTL
Am Dammebasket gouf e Samschdeg schonn eng Partie gespillt. Hei konnt sech Steesel ouni Problem mat 53:33 géint Contern behaapten a bleift domat och nom 6. Match weiderhin ongeschloen.