Vun e Mëttwoch bis e Sonndeg gëtt zu Esch am nationalen Tenniszenter gespillt.

Vun e Mëttwoch bis e Sonndeg sinn zu Esch am nationalen Tenniszenter d'FLT-Masters, wou déi 8 bescht nationale Tennisspiller a Spillerinnen géinteneen untrieden. E Méindeg goufen déi verschidde Gruppen ausgeloust.

AUDIO: Tennis Masters / Reportage Franky Hippert

Bei den FLT Masters Cardif Lux Vie, gëtt nom nämmlechte Prinzip gespillt, wéi beim Masters vun de Weltbeschten Tennisspiller. Fir d'éischt gëtt an Gruppe gespillt éiert dann d'Halleffinale an d'Finale kommen.

Hei zu Lëtzebuerg sinn d'Claudine Schaul, Sharon Pesch, Tatiana Silbereisen, an Merima Mujasevic am Giele Grupp. Fir d'Claudine Schaul, fréier Nummer 41 an der Weltranglëscht, hätt et schlëmmer kënne kommen. Aus Erfahrung weess d'Claudine Schaul, datt et ze maache wier, wa si sech selwer keng Steng an de Wee leet.

Am Wäisse Grupp krit d'Titelverdeedegerin Eleonora Molinaro et mam Tiffany Cornelius, dem Laura Correia an dem Jo Weisen ze dinn. Déi Auslousung ass net grad op der Säit vum Eleonora Molinaro.

Bei den Hären ass de Robi Tholl op 1 gesat. Da wëll een natierlech och e Sonndeg ganz uewen um Podium stoen. Ma déi 8, déi dobäi sinn, spillen alleguer zimlech gutt. Do hänkt et dann och vill vun der Dagesform of.

Da sinn am Bloe Grupp nach den Titelverdeedeger Tom Diederich, de Gilles Kremer an de Christian Schleck. De Christophe Tholl, deen op zwee gesat ass, freet sech op jiddwerfalls op de Masters. Et ass en Tournéier, wou ee gesäit, wee vun de Lëtzebuerger déi beschte Form am Moment huet. Och ginn déi Spiller belount, déi iwwer d'Joer vill Tournéiere spillen an hir Resultater maachen.

De Christophe Nickels, de Mike Scheidweiler an de Raphael Calzi probéieren och nach aus deem Grupp, an d'Halleffinallen ze kommen. Déi sinn e Samschdeg, wou dann deen éischten aus all Grupp géint deen Zweeten aus deem aneren spillt. E Sonndeg stinn dann d'Finallen bei den Dammen a bei den Hären um Programm.

Um Méindeg goufen déi verschidde Gruppen ausgeloust.

© RTL Radio Lëtzebuerg / Franky Hippert

Bei den Dammen:

Giele Grupp

Claudine Schaul
Sharon Pesch
Tatiana Silbereisen
Merima Mujasevic

Wäisse Grupp

Eleonora Molinaro
Tiffany Cornelius
Laura Correia
Jo Weisen

© RTL Radio Lëtzebuerg / Franky Hippert

Bei den Hären

Bloe Grupp

Robi Tholl
Tom Diederich
Christian Schleck
Gilles Kremer

Roude Grupp

Christophe Tholl
Christophe Nickels
Mike Scheidweiler
Raphael Calzi

© Franky Hippert

Vun e Mëttwoch bis e Freideg sinn d'Gruppematcher, wou jiddweree géint jiddweree spillt.

E Samschdeg spillt deen Éischten aus deem enge Grupp géint deen Zweeten aus deem aneren, d'Halleffinallen.

E Sonndeg sinn dann d'Finalle bei den Dammen a bei den Hären.

© Franky Hippert

© Val Wagner