Um Donneschdeg den Owend konnte sech de Racing géint Konter, d'Pikes beim Gréngewald an d'Amicale doheem géint d'Etzella duerchsetzen.
De Racing an de Gréngewald si mat +10 an d'Partië gaangen, dem Gréngewald huet et näischt genotzt, ma de Racing krut sech géint Konter souguer mat 13 Punkten Ecart duerchgesat, wat fir d'Equipe aus der Nationale 2 schonn en Exploit duerstellt.
D'Resultater vum Donneschdeg am Iwwerbléck:
Racing (Nationale 2)-Konter 92:79
Gréngewald (Nationale 2)-Musel Pikes 68:101
Amicale Steesel-Etzella Ettelbréck 91:82
E Mëttwoch den Owend hat Wolz (+20) aus der Nationale 3 ewell kloer 74 op 109 géint Esch verluer.
An der Halleffinale stinn also Esch, de Racing, d'Pikes a Steesel.
Gespillt gëtt de Weekend vum 4.a 5. Februar an der Coque.

Steesel géint d'Etzella / © RTL Radio Lëtzebuerg/Guy Seyler

Steesel-Etzella / © RTL Radio Lëtzebuerg/Guy Seyler