Dës Woch geet et ëm onkomplizéiert Party Snacks. D'Anne mécht en eng Camemberts-Fondue an e Wäinzoossisskranz.
Gebake Camemberts-Fondue

Preparatioun: Fir 2 Persounen
1 Camembert (250g)
1 Knuewelekszéif
4 Romarinszweigen
½ Baguette
1 Iessläffel Olivenueleg + e bëssi fir de Kéis
12 Tranchen Speck
30g Walnëss
2 coeur de sucrine Zaloten
Salz a Peffer
De Schäffchen op 180°C Ëmloft erhëtzen.
De Camembert an e klengt Keramikdëppchen oder eng kleng Bakform ginn, fir dass e beim baken net ausleeft. E puermol an de Kéis picken.
De Knuewelek schielen an an zwee schneiden. Déi zwee Stécker an zwee vun de Lächer am Kéis stiechen. Dräi Zweiger Rosmarin an déi aner Lächer stiechen.
De Kéis mat e bëssi Peffer wierzen an e bëssen Olivenueleg drop drëpse loossen. 20 Minutten am Schäffche baken.
Während där Zäit d’Baguette a kleng Stécker schneiden an an eng Bakform ginn. D’Nole vum leschten Romainszweig fein haken an iwwert d’Brout streeën. Nees e puer Drëppsen Olivenueleg drop maachen a mat Salz a Peffer wierzen. Dat Ganzt gutt vermëschen a bei de Kéis an de Schäffchen stellen. Fir 15 Minutte baken.
Während där Zäit d’Walnëss an enger Pan réischteren. Kuerz ofkille loossen an an engem Mixer reng haken.
De Speck an der Pan brode bis e knausereg ass, op engem Stéck Kichepabeier ofkille loossen, dann am Mixer reng haken.
Fir ze zerwéieren de Speck an d’Walnëss a klengSchësselcher fëllen. D’Blieder vun der Zalot erofplécken, wäschen an op en Teller leeën.
No 20 Minutten de Kéis an d’Croutonen aus dem Schäffchen huelen. D’Broutstécker oder Zaloteblieder an de Kéis zappen an no Wonsch a Speck oder Walnëss zappen.
Wäinzoossiss-Kranz

Preparatioun: 15 Minutten – Schäffchen: 35 Minutten
5 Wäinzoossissen
230g Bliederdeeg
60g Moschter mat Kären
Fir de Moschter Dip:
60g Cream Cheese
20g Mayonnaise
15g Moschter mat Kären
De Schäffchen op 200°C Ëmloft erhëtzen.
D’Haut vun de Wäinzoossissen erofschielen an d’Fleesch eraushuelen. An eng Schossel ginn a kuerz mat den Hänn duerchknieden fir eng homogen Mass ze kréien.
De Bliederdeeg ausrullen an de Moschter an engem Krees drop verdeelen, ongeféier 10 cm vum Rand ewech.
D’Wäinzoossiss-Mass an engem Krees op dem Moschter verdeelen.
De Bliederdeeg dee bausse vum Krees ass iwwert den Zoossisskrees falen, sou dass dee ganz bedeckt ass. Den Deeg an der Mëtt undrécken an dann de platten Deeg-Krees an der Mëtt mat der Forschett e puermol apicken.
Elo de Fleesch-Krees an 3cm breet Stécker schneiden, sou dass de platten Deeg-Krees an der Mëtt net ugeschnidde gëtt.
Dann all Fleesch-gefëlltent Stéck Deeg esou dréien dass d’Fleesch no uewe kuckt.
De Wäinzoossiss-Kranz 25 Minutten am Schäffche baken.
Während där Zäit den Dip preparéieren: de Cream Cheese mat der Mayonnaise an dem Moschter mëschen an an en Dëppche ginn.
Den gebake Wäinzoossiss-Kranz op en Zerwéierteller ginn an d’Dëppchen mam Dip an d’Mëtt vum Kranz stellen. Fir ze iessen, d’Stecker vum Kranz ofbriechen an an den Dip zappen.