An dëser Episod dréit et sech ëm Saachen déi sech séier preparéiere loossen ma eng Grimmel méi laang brauche fir ze kachen.
Sag Halloumi

Preparatioun: 20mins – Fir 2 Persounen
500g gefruerenen Spinatsblieder
1 Ënn
15g Botter
2 Knuewelekszéiwen
2 Kaffisläffelen Ingwer Paste
1 Kaffisläffel Kurkuma
1 Kaffisläffel Kräitzkümmelkären
1 ½ Kaffisläffel Garam Masala
100g Joghurt
3 Iessläffel Ram
200g Halloumi
Salz a Peffer
Naan Brout, fir ze zerwéieren
De Spinat a gesalztem Waasser kache bis en duerch ass an ofschëdden.
Während där Zäit d'Ënn schielen an a Scheiwe schneiden.
De Botter an enger grousser Pan erhëtzen an d’Ënn mat e bësse Salz fir 4 Minutten ubroden bis se mëll ass.
De Knuewelek schielen an zerdrécken a mat der Ingwer Paste bei d’Ënn ginn. Fir e puer Minutten ubroden, dann de Kurkuma, d’ Kräitzkümmelkären an de Garam Masala derbäi ginn an e puer weider Minutten ubroden.
Esouvill Flëssegkeet wéi méiglech aus dem gekachte Spinat ausdrécken, an de Spinat mat dem Joghurt an der Ram an d’Paan ginn.
Alles vermëschen an opkache loossen. Mat Salz a Peffer wierzen.
Den Halloumi an 2cm grouss Stécker schneiden an bei de Spinat ginn. Fir eng weider 5 Minutten kache loossen, bis dass den Halloumi mëll ass.
De Curry mat getoasten Naan Brout zerwéieren.
Thai Poulet's Curry mat Courgette Nuddelen

Preparatioun: 20 Minutten - Fir 2 Persounen
1 Iessläffel Sonneblummen Ueleg
2 Iessläffelen Thai Curry Paste*
400ml Kokosnoss Mëllech
200ml Poulet’s Bouillon
2 Kaffir-lime Blieder (aus dem Asia Shop)
300g Poulet’s Broscht
2 kleng Courgetten
60g Cashew Nëss
2 Kaffisläffelen Thai Fësch Zoos
Limetten a Véirels geschnidden, fir ze zerwéieren
Koriander, fir ze zerwéieren
De Sonneblummen Ueleg an engem Dëppen erhëtzen an d’Curry Paste fir 2 Minutten ubroden.
D’Kokosnoss Mëllech, de Poulet’s Bouillon an d’Kaffir-lime dobäi ginn an opkachen.
An der Tëschenzäit, de Poulet a Stécker schneiden. An d’kachend Kokosnoss Mëllech ginn, d'Hëtzt reduzéieren a fir 8 Minutten kächelen loossen.
Während de Poulet kacht, d’Courgette Nuddelen mat engem Geméis-Spiralizer oder Geméis-Spëtzer maachen. Wann Dir kee Spiralizer hutt, entweder eng Mandoline benotzen an d'Courgette a laang Sträife schneiden, oder einfach d'Courgette a kleng Wierfele schneiden.
No 8 Minutten d’Courgetten an d'Cashew Nëss bei de Curry dobäi ginn. Opkache loossen an eng weider 2 Minutten kache loossen bis dass d’Courgetten mëll sinn.
Mat Fësch Zooss an e bësse Limettenjus wierzen.
All Portioun mat Koriander bestreeën an mat Thai Jasmin Räis zerwéieren.
* Dir kënnt all déi typesch thailännesch Curry Pasten benotzen. Gréng oder rout Curry Paste ass am einfachsten ze fannen. Ajustéiert d'Quantitéit vun der Curry Paste jee no nodeem wéi schaarf dir et wëllt. Ech maachen ëmmer e bësse Curry Paste direkt aus dem Glas a benotzen nëmmen 1 Iessläffel wann se richteg schaarf ass. Schmaacht am beschten de Curry of nodeems d’Kokosnoss Mëllech derbäi komm ass, da kënnt dir ëmmer nach e bëssen méi Curry Paste dobäi ginn fir de Goût ze verstäerken.