Et gëtt Lëtzebuergesch gekacht,mat engem klengen Twist. Et gëtt Spaghetti mat enger flotter Kachkéis Zooss an eng Wäinzoossiss mat engem fexe Purée.

Wäinzoossiss mat Gaardebounen Püree a Kale Chips

RTL

Preparatioun: 40 Minutten – Fir 2 Persounen

Fir d’Kale Chipsen:
150g Kale (Grénge Kabes)
2 Iessläffelen Oliven Ueleg
½ Kaffisläffel Fenchelkären

Fir de Gaardeboune Püree:
1 Ënn
15g Botter
1 Iessläffel Sonneblummen Ueleg
1 Knuewelekszéif
220g Gaardebounen am Glas (ofgeschoddent Gewiicht)
240g wäiss Bounen am Glas (ofgeschoddent Gewiicht)

20g Botter
4 Wäinzoossissen
75ml wäissen Wäin
100ml Ram
2 Kaffisläffel Moschter
Salz a Peffer

De Schäffchen op 180°C Ëmloft hëtzen. De Kale wäschen an drëschen tuppen. D’Kale Blieder vum Still rappen an a kleng Stecker rappen.

Op e Bakblech leeën a mat Oliven Ueleg beträufelen. D’Fenchelkären, Salz a Peffer driwwer streeën an de Kale eng Kéier mat allem duerch mëschen. Op d’Säit stellen.

Fir den Gaardebounen Püree: D’Ënn schielen a kleng haken. De Botter an de Sonneblummenueleg an engem Dëppen erhëtzen an d’Ënn mat e bësse Salz fir 4 Minutten ubroden bis dass se mëll ass. An der Tëschenzäit, de Knuewelek schielen a pressen. D’Gaardebounen an di wäiss Bounen an engem Sift ofschëdden an ënnert dem Krunn ofwäschen.

Den Knuewelek bei d’Ënnen dobäi ginn a fir eng weider Minutt ubroden, dann d’Bounen an 150ml Waasser dobäi ginn a fir 4 Minutten kachen.

Während d’Bounen kachen, de Kale am Schäffchen 5-8 Minutten baken, bis dass e knausereg ass. Eraus huelen an op d’Säit stellen.

Während de Kale am Schäffchen ass, d’Zoossissen ubroden: de Botter an enger Pan schmëlzen an d’Wäinzoossissen doran ongeféier 7 Minutten ubroden, an heiansdo dréien.

An der Tëschenzäit, de Püree fäerdeg maachen: d’Bounen an d’Kachwaasser an e Mixer ginn, an zu engem Püree mixen. Mat Salz a Peffer wierzen. Op d’Säit stellen.

No 7 Minutten, de Wäin bei d’Zoossiss dobäi schëdden a fir 2 Minutten opkachen loossen, dann d’Ram an de Moschter dobäi ginn an d’Zooss kuerz opkachen loossen.

E gudden Läffel Püree op zwee Telleren ginn, jeeweils 2 Zoossissen dobäi ginn, d’Moschter Zooss driwwer ginn an mat den Kale Chipsen zerwéieren.

Judd mat Gaardebounen Flammkuchen

RTL

Preparatioun: 15 Minutten - Schäffchen: 20 Minutten – Mécht 1 Flammkuchen

120g Judd
100g Sauer Ram
1 Kaffisläffel Bounekraitchen
160g fäerdegen Flammkuchen Deeg
110g Gaardebounen aus dem Glas, oofgeschoddent Gewiicht
150g mini Mozzarella Bullen
Salz a Peffer

De Schäffchen op 220°C Ëmloft erhëtzen.

De Judd a kleng Stécker schneiden an op d’Säit stellen.

An enger Schossel, Sauerram mam Bounekraitchen, Salz a Peffer wierzen.

Den Flammkuchen Deeg op engem Bakblech ausrullen a mat der Sauer Ram ganz besträichen.

De Judd, Gaardebounen an mini Mozzarella Bullen um Deeg verdeelen. Mat e bëssen Salz wierzen.

D’Bakblech ganz ënnen an den Schäffchen stellen, an den Flammkuchen fir 20 Minutten baken, bis dass den Buedem vum Flammkuchen knausereg ass.

Kachkéis Nuddelen

RTL

Preparatioun: ongeféier 10 Minutten – Fir 2 Persounen

360g Spaghetti
100g Kachkéis am Dëppchen, 40% Fett
100ml wäissen Wäin
220ml Ram
4 Kaffisläffelen Moschter
4 Kaffisläffel Maizena
45g Rucola
2 Iessläffele Walnëss
Salz a Peffer

D’Nuddelen an engem groussen Dëppen mat kachendem, gesalztene Waasser kachen, bis dass se al dente sinn.

An der Tëschenzäit de Kachkéis a wäisse Wäin an en Dëppe ginn an opkachen, dobäi konstant ëmréieren. Fir eng Minutt kachen loossen, dann d’Ram an de Moschter dobäi ginn an alles opkachen.

An engem klenge Glas de Maizena mat e bësse Waasser opléisen, an bei d’Zooss schëdden, a vir e puer weider Minutten kachen bis dass d’Zooss déckst.

Mat Salz a Peffer assaisonnéieren.

D’Walnëss grob haken.

D’Nuddelen ofschëdden, am Dëppen mat der Zooss vermëschen, dann d’Rucola dobäi ginn a gutt vermëschen.

Op zwee Tellere verdeelen, d’gehakte Walnëss iwwert all Portioun streeën a mat e puer Rucola Blieder dekoréieren.