Ëmmer wann ech reese checken ech ob sech net en intressante Lëtzebuerger op menger Destinatioun verstoppt.

Zu Bangkok treffen ech mech säit Jore mam Pierre Metz, dee genee sou Iessens-begeeschtert ass wei ech.

An dëser Episode gi mer dem Pierre säi Restaurant besichen, deen déi beschte Pizza zu Bangkok mécht. Mir gi bei e Kolleg vum Pierre, deen e Michelin-Stär huet an dem Pierre seng Wäiner verkeeft. An ech dierf selwer Hand upaken, a beim Pierre doheem eppes Lëtzebuergesches kachen.