Een traditionellt portugisescht Rezept fir de Grill

Fir 1 Poulet – eng Nuecht am Frigo marinéieren

Fir d’Marinade:
4 rout Chillis
10 Knuewelekszéiwen
1 Téiläffel Salz
1 Téiläffel Oregano
1 Téiläffel gereecherten Paprikapolver
80ml Olivenueleg
2 Iessläffel Wäisswäin Esseg
Jus vun ½ Zitroun
E puer Drëpsen Piri Piri Chilli Zooss
Peffer
 
Fir ze zerwéieren:
Piri Piri Chilli Zooss
Zitrounenzéiwen
Chips
 
Mat der Marinade en Dag am viraus ufänken: d’Chillies opschneiden an d’Kären rausschneiden. Graff hacken an an e Mixer ginn. D’Knuewelekszéiwen schielen a mat de reschtlechen Marinade Ingredienten an de Mixer ginn a gutt mixen.
 
De Poulet platt maachen: De Poulet mat der Broscht no ënnen op e Kichebried setzen. Mat enger Kicheschéier der Wirbelsail entlang opschneiden, an d’Wirbelsail ewechmaachen. De Poulet mat der Broscht no uewen ëmdréien an eng Kéier fest drop drécken fir dass e platt gëtt.
 
D’Marinade iwwert de Poulet an enger Form schëdden, gutt areiwen, mat Zellophan-Pabeier bedecken an iwwert Nuecht an de Frigo stelle fir ze marinéieren.
 
Den nächsten Dag de Grill umaachen. De Poulet aus dem Frigo huelen a mat der Broscht no ënnen op de Grill leeën. 10 Minutte laang grillen bis d’Haut ufänkt brong ze ginn. De Poulet ëmdréien an da mat Marinade besträichen déi nach an der Form iwwreg war. Den Deckel vum Grill zoumaachen an de Poulet 15 Minutte grillen, dann nach eng Kéier mat Marinade besträichen an de Poulet rëm op d’Broscht-Säit ëmdréien. 2 Mol widderhuelen sou dass de Poulet am Ganzen eng 55 Minutten um Grill war. Checken dass de Poulet duerch ass an deems ee mat enger Broschett dra pickt an de Jus kloer ass (d’Längt vun der Cuisson hänkt vun der Gréisst vum Poulet of).
 
De Poulet op e Kichebried leeën an 10 Minutte raschte loossen éier een en an Stécker schneit. Mat Piri Piri Zooss, Zitroun a Chipsen zerwéieren.