D'kulinaresch Aventure geet weider. Des Kéier zerwéiert d'Anne eis eppes traditionell mexikanesches.

Fir 6 Persounen

Fir de Pulled Pork:
2 Iessläffel Olivenueleg
1.5kg Schwengsschëller ouni Schank
1 Fläsch Radler agrumes (330ml)*
1 Fläsch Béier (330ml)
1 Orange
1 Knuewleckskapp
2 Lorberblieder
1 Kanéilsstaang
2 Rosmarin-Aascht
1 Iessläffel Oregano
1 ½ Téiläffel Salz
Peffer
 
Fir d’Ënnen:
3 rout Ënnen
240ml Wäisswäin Esseg
100g Zocker
2 Téiläffel Salz
1 ½ Téiläffel Fenchelkären
8 schwaarz Pefferkären
 
Fir d’Guacamole:
4 Avocadoe
Limettejus, no Goût
Salz a Peffer
 
Fir ze zerwéieren:
36 Tortillas
Chillizooss
Koriander
Limettespalten
 
De Schäffchen op 150°C "Umluft" erhëtzen.
 
Den Olivenueleg an engem gossen Dëppen erhëtzen an d’Fleesch un alle Säiten ubroden.
 
De Radler an de Béier derbäischëdden. Zwou Sträifen Orangeschuel mat engem Spuerschieler schielen, den Orangëjus pressen an zesumme bei d’Fleesch ginn.
 
De Knuewleckskapp an der Halschecht duerch schneiden an an d’Flessegkeet leeën. D’Lorberblieder, Kanéilsstang, Rosmarin, Oregano, Salz a Peffer derbäi ginn. Den Deckel dropginn a fir 4 Stonnen an de Schäffchen stellen.
 
Wärend där Zäit d’Toppings preparéieren:
 
Fir d’Ënnen: d’Ënnen schielen an an dënn Tranche schneiden. Den Esseg mam Zocker, Salz, Fenchelkären a Pefferkären erhëtzen bis dass den Zocker geschmolt ass an d’Flessegkeet kacht. Vun der Kachplack huelen, d’Ënnen derbäi ginn, gutt c an 3 Stonnen op d’Säit stellen fir ze zéien. Vun Zäit zu Zäit réieren.
 
Fir d’Mango Salsa: D’Mango schielen an a kleng Stécker schneiden. D’Chilli opschneiden an d’Kären rauskrazen. Alles an eng Schossel ginn, de Koriander an d’Menthe drënner mëschen, mat Limettejus an e bëssen Olivenueleg a Salz a Peffer ofschmaachen. Bis zum zerwéieren an de Frigo stellen.
 
Fir d’Guacamole: D’Avocados opschneiden, de Kär eraushuelen an d’Fleesch mat engem Läffel rauskrazen. An eng Schossel ginn a mat enger Forschette zermätschen. Mat Limettejus, Salz a Peffer ofschmaachen.
 
No 4 Stonnen d’Fleesch aus dem Schäffchen huelen, aus dem Jus hiewen an an eng Bakform leeën. Mat zwou Forschetten d’Fleesch effiloscheieren. D’Kanéilstang, d’Orangeschuelen, de Knuewelek an d’Lorberblieder aus der Flëssegkeet huelen an de pulled pork zréck an d’Flëssegkeet am Dëppen ginn.
 
D’Tortillas kuerz virum zerwéieren wiermen – am beschten an en Duch wéckelen a kuerz an der Mikrowell wiermen.
 
Tortillas an all d’Toppings op den Dësch stellen an d’Leit kënne sech selwer hier Tacos zesummestellen. Mat Chillizooss, Koriander a Limetten zerwéieren.