Nachos, einfach ze preparéiere mat engem Touch vu Lëtzebuerg.

Fir 6-8 Persounen

1 Mettwurscht
3 Iessläffel Sonneblummenueleg
1 Ënn
1 Knuewelekszéif
300g Gehacktes (Schwéngs- a Rëndsfleesch)
2 Kaffisläffel Kräizkümmelpolver
1 Kaffisläffel gereecherte Paprikapolver
1 Iessläffel Tomatepüree
125g Kidney Bounen
250g Cheddar, gerappt
250g Tortilla Chips, ongesalzt
Salz a Peffer
 
Fir d’Guacamole:
2 Avocadoen
½ rout Ënn
1 Tomate
3 Iessläffel Koriander, gehackt
1 Iessläffel Jalapenos, gehackt
Limettejus
Salz a Peffer
 
Fir ze zerwéieren:
Jalapenos
1 Dëppchen Sauerram
1 Bond Koriander
Limettenspalten
 
D’Mettwurscht länglesch opschneiden an a kleng Wierfel schneiden. An enger Pan mat engem Läffel Sonneblummenueleg gutt ubroden. An eng Schossel ginn an d’Fett an der Pan loossen, op d’Säit stellen.
 
D’Ënn schielen a reng hacken. De Knuewelek schielen a pressen. E weideren Iessläffel Ueleg bei d’Fett an d’Pan ginn an d’Ënn 4 Minutten ubroden bis se mell ass. Den Knuewelek derbäi ginn an eng weider Minutt ubroden. Bei d’Mettwurscht an d’Schossel ginn.
 
De leschte Läffel Ueleg an d’Pan ginn an d’Gehacktes gutt ubroden a mat engem Läffel auserneebriechen. De Kräizkümmelpolver, gereecherten Paprikapolver an d’Kidney Bounen derbäi ginn an d’Bounen mat enger Forschett zerdrécken. D’Mettwurscht an d’Ënnen derbäiginn. Eventuell mat Salz nowierzen. Vun der Kachplack huelen.
 
De Schäffchen op 160°C "Umluft" virhëtzen.
 
D’Hallschecht vun de Nachos an eng Bakform ginn, mat der hallwer Fleeschmeschung bedecken an mat der Hallschecht vum Kéis bedecken. Eng zweet Couche Nachos, Fleesch a Kéis dropginn.
 
Am Schäffchen 10 Minutte baken bis de Kéis geschmolt ass.
 
Wärend där Zäit d’Guacamole machen. D’Avocadoen opschneiden, de Steen raushuelen an d’Fleesch rauskrazen. Grob schneiden an an eng Schossel ginn, mat enger Forschette püréieren. D’rout Ënn reng hacken a bei den Avocado ginn. D’Tomaten opschneiden, d’Kären rauskrazen an a kleng Wierfel schneiden. Zesumme mam Koriander a Jalapeno bei den Avocado ginn a gutt mëschen. Mat Limettejus, Salz a Peffer wierzen.
 
D’Nachos mat Guacamole, Sauerram, Jalapenos, Koriander a Limetteschéiwen zerwéieren.