D'Anne mécht d'Gnocchi no engem italienesche Familljen-Rezept

Fir 2 Persounen

500g mieleg Gromperen
250g Miel + e bëssi fir d’Aarbechtsplack
2 Kaffisläffel Salz
1 Ee
 
80 Botter
e klenge Grapp Salbeiblieder
Peffer
Parmesan, fir ze zerwéieren
 
D’Grompere schielen an a Scheiwe vun 1/2 cm Deckt schneiden. D’Gromperenschéiwen an en Dëppe mat kalem, ongesalzten Waasser ginn an zum kache bréngen. Eng 7 Minutte kachen bis d’Gromperen mell sinn. Ofschëdden a 5 Minutten laang ausdämpe loossen.
 
D’Miel op eng Aarbechtsplack ginn an eng Verdéiwung an der Mëtt machen. D’Gromperen duerch eng Püreespress drécken, sou dass se an d’Verdéiwung falen. D’Salz iwwert d’Grompere streeë an eng Verdéiwung an d’Grompere machen. D’Ee an déi Verdéiwung ginn.
 
Alles mat den Hänn vermëschen an zu engem Deeg knieden. Et kéint ee mengen den Deeg wier ze dreschen, mais wann een e bëssen kniet kennt en zesummen.
 
D’Aarbechtsplack generéis mat Miel bestreeën. E Stéck vum Deeg ofschneiden an am Miel zu enger Zoossiss rullen. Op d’Säit leeën a mam Rescht vum Deeg weiderfueren.
 
D’Deeg-Zoossissen op mannst 5 Minutte roue loossen éier een se an 2cm grouss Stécker schneit. D’Gnocchi nach eng Kéier an Miel rullen.
 
D’Gnocchi an en Dëppen mat kachendem Salzwaasser ginn. Soubal d’Waasser rëm um kachen ass, 5 Minutte kachen.
 
Wärend där Zäit de Botter an enger Pan schmëlzen. D’Salbeiblieder am Botter ubroden bis se ufänken knuspreg ze ginn.
 
D’Gnocchi ofschëdden an an d’Pan mam Botter ginn.
 
Op 2 Teller verdeelen, mat Peffer wierzen a mat Parmesan zerwéieren.

TIP

Wann dir Gnocchi iwwreg hutt kennt dir se den nächsten Dag am Botter ubroden.