Dir hutt Kéis Rescht vun enger Raclette? Da kënnt dat heite Rezept genee richteg, defteg a mat vill Goût fir déi kal Deeg.

Fir 2 Persounen

300g Lëtzebuerger dréche Lëtzebuerger Spätzle

Fir d’Ënnen:
2 Ënnen
40g Botter
½ Téiläffel Zocker
Salz
 
Fir d’Zooss:
200g Raclette Kéis
50ml wäisse Wäin
50ml Ram
2 Téiläffel Miel oder Maizena
 
Fir ze zerwéieren:
Knuspreg Ënnen
Gehackte Bratzelen

D’Ënnen schielen an a Scheiwe schneiden.
 
De Botter an enger Pan schmëlzen an d’Ënnen mat enger Pouz Salz op klenger Flam wärend 15 Minutte lues ubroden, bis se ganz mëll sinn. Den Zocker wärend de leschten 2 Minutten derbäi ginn fir ze karamelliséieren. Op d’Säit stellen.
 
D’Spätzle no Packungsinstruktiounen kachen.
 
Wärend där Zäit d’Schuel vum Raclette Kéis erofschneiden an de Kéis an Stécker schneiden. An enger Pan mam Wäin a mat der Ram schmëlzen. D’Miel derbäiginn fir ze décksen. Mat Salz a Peffer wierzen.
 
D’gekachte Spätzle an di mëll Ënnen bei d’Kéiszooss ginn a gutt vermëschen.
 
D’Spätzle op 2 Teller verdeelen a mat knuspregen Ënnen an Bratzelen bestreeën an zerwéieren.

RTL