Dir hutt e Brot fir Chrëschtdag gekacht an hutt Rechter am Frigo? Doraus kann een eng japanesch Zopp mat den typesche Ramen Nuddele maachen.

Fir 2 Persounen

Fir d’Soja Eeër:
1-2 Eeër
45ml Sojaszooss
15ml Mirin
 
Fir de Ramen Bouillon:
2 Ënnen
2 Iessläffel Sonneblummenueleg
35g gereecherten Speck
1 Knuewelekszéif
1l Pouletsbouillon
1 Téiläffel Miso Paste
Chiliflacken
2 Iessläffel vun der Soja-Marinade
 
300g frësch Ramen Nuddelen oder 150g gedréchent Somen Nuddelen
 
Fir d’Toppings:
Reschter Chrëschtdags-Dinde
Reschter Chrëschtdags-Geméis (z.Bsp. Choux de Bruxelles, Kürbis, Wuerzelen)
1 Fréijoerszwiwwel, a Scheiwe geschnidden
Kimchi
2 Nori-Blieder
 
D’Eeër fir exakt 6.40 Minutten kachen. Ofschëdden a mat kalem Waasser ofschrecken a schielen. D’Sojaszooss an de Mirin an e Glas ginn an d’Eeër derbäiginn. Mindestens eng hallef Stonn marinéiere loossen (wat méi laang wat besser).
 
Fir de Ramen Bouillon: d’Ënnen schielen an a Scheiwen schneiden. Den Ueleg an engem Dëppen erhëtzen an d’Ënnen op mëttlerer Hëtzt wärend 20 Minutten ubroden bis se donkel a super mëll sinn.
 
Wärend där Zäit de Speck schneiden. D’Knuewelekszéif schielen a pressen.
 
Wann d’Ënnen bis ganz mëll sinn, de Speck derbäiginn a mat den Ënnen weider 4 Minutten ubroden. Den Knuewelek derbäiginn an eng weider Minutt ubroden.
 
E bëssen Pouletsbouillon derbäiginn an den Buedem vum Dëppen mat engem Holzläffel krazen fir dass de gebrodenen Gout an de Bouillon iwwergeet. D’Miso-Paste, de Rescht Bouillon an d’Chiliflacken derbäiginn an dat Ganzt 10 Minutte kachen loossen. D’Zopp duerch e Sift ginn an de Bouillon zréck an d’Dëppe schëdden, 2 Iessläffel vun der Soja-Marinade derbäiginn a waarm halen.
 
D’Nuddelen no Packungsanleitung kachen an an zwou Schossele verdeelen. Mat Bouillon bedecken an dann mat halbeierten Soja-Eeër, Dinde, Geméis, Fréijoerszwiwwel, Kimchi an Nori dekoréieren. Direkt zerwéieren.

RTL