All Joer huer een op Chrëschtdag méi Kichelcher wéi een der iesse kann. Aus Spekulatius zum Beispill kann een e witzege Kuch maachen.

Mécht 1 Kuch fir 6-8 Leit

300g Spekulatius Kichelcher + extra fir d’Deko
150ml Egg Nog
 
Fir d’Bottercrème:
240g Botter, Zëmmertemperatur
250g séiss Kondensmëllech
1 Téiläffel Vanillsextrakt
eng Pouz Salz
 
De Botter an eng Schossel ginn an eng 5 Minutte mam Mixer opschloen, bis e ganz mëll a blatzeg ass. Wärend de Mixer nach un ass, lues a lues d’Kondensmëllech derbäischëdden a weider mixen bis eng glat Bottercrème entsteet. Zum Schluss de Vanillsextrakt an d’Salz derbäiginn an nach eng Kéier gutt schloen.
 
Eng Bakform vun 20x10cm mat Klarsichtfolie ausleeën. Den Egg Nog an en déiwen Teller schëdden.
 
6 Spekulatius Kichelcher an den Egg Nog zappen an an der Form verdeelen. Mat enger zweeter Couche Kichelcher widderhuelen. Dann eng Couche Bottercrème driwwersträichen a weider machen. Am Ganzen 3 Loen Kichelcher machen an keng Bottercrème op déi läscht Lo machen. Em déi 180g Bottercrème op der Säit halen fir dono de fäerdegen Kuch ze besträichen.
 
De Kuch an di reschtlech Bottercrème 4 Stonnen an de Frigo stellen.
 
D’Bottercrème 1 Stonn éier een de Kuch aus dem Frigo hellt scho bei Zëmmertemperatur stoe loossen fir dass se sech e bëssen opwiermt.
 
De Kuch aus dem Frigo huelen an op e Schneidbried setzen. D’Bottercrème nach eng Kéier opschloen dass se mëll gëtt, an dann de ganze Kuch ronderëm an drop mat Bottercrème verzieren.
 
Mat Spekulatius-Brösel dekoréieren an de Kuch op en Zerveierteller setzen. Nach eng Kéier fir op mannst 1 Stonn an de Frigo setzen (am beschten iwwer Nuecht).