E klassesche Brunch aus England

Mécht 4 Patties fir 2-4 Leit

1 Ënn
400g kale Gromperepüree
150g Reschter gekachte Brockelcher, Brokkoli oder Wuerzelen
45g Botter
2 Iessläffel Miel
2 Iessläffel Ueleg
 
4 Eeër
e Schotz Esseg
4 Tranchen Saumon fumé
Bratzelen, gehackt
Salz a Peffer
 
D’Ënn schielen an a Scheiwe schneiden. 10g Botter an enger grousser Pan erhëtzen an d’Ënnen mat enger Pouz Salz wärend 8 Minutten ubroden, bis se brong a ganz mëll sinn.
 
De Püree an eng grouss Schossel ginn an d’Ënnen derbäi ginn. D’Reschter Geméis kleng hacken a bei de Püree an d’Schossel ginn. Mat Peffer a Salz wierzen an dat Ganz gutt vermëschen.
 
D’Gromperemëschung a 4 Patties formen, an all Patty op béide Säiten an e bëssi Miel zappen.
 
Den Ueleg mat den reschtlegen 35g Botter an der Pan wou d’Ënnen dra gebrode goufen erhëtzen. D’Grompere-Patties bei mëttler Hëtzt op all Säit eng 8 Minutten ubroden, bis se brong a licht knuspreg sinn.
 
Wärend där Zäit d’Eeër eent nom aneren pochéieren. En Dëppe mat Waasser zum kache bréngen. Een Ee an eng kleng Schësselchen opbriechen. E klenge Schotz Esseg an d’kachend Waasser ginn an eng Kéier ëmréieren, sou dass ech Strudel entsteet. D’Ee lues an d’Waasser rutsche loossen an da genee 1.45 Minutten kache loossen. Mat engem Schöpfläffel eraushuelen an op en Teller leeën. Mat den 3 weideren Eeër widderhuelen.

D’Grompere-Patties op 2 oder 4 Tellere verdeelen, jeeweils eng Tranche Saumon drop leeën a mat engem pochéiertem Ee ofschléissen. Mat Bratzelen bestreeën an zerwéieren.
 
Tipp: Et kann een och Ham oder gebrodene Speck amplaz vum Saumon huelen

RTL