D'Anne Faber verwandelt déi kleng Brioch an ee festleche Brunch

Fir 2 Persounen

Fir d’Clementinnen:
2 Clementinnen
100ml Waasser
25g Zocker
25ml Grand-Marnier
 
Fir de French Toast:
2 al Boxemännercher
1 Ee
4 Iessläffel Mëllech
1 Iessläffel Zocker
½ Téiläffel Vanill Extrakt
eng Pouz Salz
30g Botter
 
Fir ze bestreeë:
4 Iessläffel Zocker
¼ Téiläffel Kanéil
 
Wäisse Kéis, fir ze zerwéieren
 
D’Clementinnen schielen an an Tranche schneiden. D’Waasser mam Zocker an engem klengen Dëppen zum kache bréngen, a 5 Minutte laang kachen. Vun der Kachplack huelen, de Grand-Marnier ënnerréieren an d’Clementinnen dra leeën. Mindestens eng hallef Stonn infuséiere loossen.
 
Fir de French Toast d’Boxemännercher op béide Säite mat enger Rapp liicht opkrazen, fir dass en d’Eermëschung ophuele kann.
 
An engem déiwen Teller d’Ee mat der Mëllech, dem Zocker, Vanill Extrakt an enger Pouz Salz verquirlen.
 
Ee Boxemännchen an d’Eermëschung zappen an 1 Minutt dra leie loossen fir dass d’Eermëschung e bëssi anzitt. Ëmdréien an eng weider Minutt zeie loossen. Op een Teller leeën a mam zweete Boxemännchen widderhuelen.
 
De Botter an enger grousser Pan schmëlzen an d’Boxemännercher op all Säit 1 ½ Minutt ubroden, dobäi e puermol mat enger Spatule drop drécken.
 
Wärend deem den Zocker mam Kanéil vermëschen.
 
Nodeems d’Boxemännercher 3 Minutte gebrode sinn, e bëssen Kanéilzocker iwwert d’Boxemännercher an der Pan streeën, ëmdréien a 15 Sekonne broden fir dass den Zocker karamelliséiert. Zocker op déi zweet Säit streeën an nach eng Kéier ëmdréien a 15 Sekonne broden.
 
D’Boxemännercher op 2 Teller verdeelen, nach mat e bëssi Kanéilzocker bestreeën a mat Grand-Marnier Clementinnen an engem Flapp Wäisse Kéis zerwéieren.
 
TIPP: Et kann een d’Mëllech mat Egg Nog ersetzen, fir nach méi e festleche Goût ze kréien.

RTL