Festlech gehäerzte Mäifel fir Sylvester

Gewierzten Nëss

200g gemëschten ongesalzte Nëss, gedréchent Uebst a Kären
2 Iessläffel Cassonnade
2 Iessläffel Waasser
1 Iessläffel Olivenueleg
2 Téiläffel Currypolver
1 Téiläffel Fenchelsom
2 Téiläffel Fleur de Sel
eng Pouz Chilipolver
schwaarze Peffer aus der Millen
 
De Schäffchen op 160°C "Umluft" virhëtzen.
 
De brongen Zocker mam Waasser, Olivenueleg, Currypolver, Fenchelsom, Fleur de Sel a Chilipolver an een Pan ginn an zum kache bréngen.
 
D’Nëss, d'Uebst a Kären derbäi ginn, e bëssi Peffer driwwerginn an dat Ganzt 3 Minutte laang ubroden, dobäi gutt réieren fir dass sech alles mam Karamell bedeckt.
 
Dat Ganzt op ee Bakblech mat Bakpabeier ginn a gutt verdeelen sou dass d’Nëss net openeen leien.
 
Am virgeheizte Schäffchen 12 Minutte baken, eng Kéier an der Hallschecht vun der Zäit ëmréieren.
 
D’Nëss komplett ofkille loossen éier een se an e Glas fëllt.

Kéiskichelcher

Mécht 40 Stéck
 
50g Cheddar, Gruyère, Emmenthal oder anere Kéis
50g Parmesan
100g kale Botter
125g Miel
Salz a Peffer
20g Mohn
 
De Kéis reng rappen. De Botter a Cube schneiden a mam Kéis, Miel, an e bëssi Salz a Peffer an e Mixer ginn.
 
Dat Ganzt mixen bis et no Panéiermiel ausgesäit, dann 1 Iessläffel Waasser derbäi ginn an nach eng Kéier mixen fir dass en Deeg entsteet.
 
Den Deeg an zwou Zoossisse formen.
 
De Mohn an en déiwen Teller ginn an d’Deeg-zoossissen dra rullen sou dass se ronderëm ganz mat Mohn bedeckt sinn.
 
Den Deeg a Klarsichtfolie awéckelen an eng Hallef Stonn an den Tifküler leeën.
 
No enger hallwer Stonn de Schäffchen op 160°C "Umluft" virhëtzen.
 
Den Deeg auspaken an a 5mm deck Scheiwe schneiden. D’Kichelcher op engem Bakblech mat Bakpabeier verdeelen an 20 Minutten am Schäffche baken.
 
Waarm zerwéieren oder se op enger Hiertchen ofkille loossen.
 
D’Kichelcher hale sech an enger Këscht fir 1 Woch.

RTL