Feierstengszalot op engem Sandwich - perfekt fir e flotten Afternoon Tea.

"Feierstengszalot" Sandwiches

RTL

Typesch Lëtzebuergesch Platen ginn et der net souvill wéi Sand um Mier, ma d’Feierstengszalot gehéiert ouni Zweiwel zu eise Klassiker. De komeschen Numm kënnt wahrscheinlech dovunner, datt de Begrëff Zalot fir sou eng „fleescheg“ Zalot, also well weider net vill Geméis dran ass. Fir d’Anne ass d’Feierstengszalot e Begrëff deen hatt mat Fréier benotzt do wou bei der Boma nach Feierstengszalot mat Brout zevéiert gouf. Sou huet d’Anne d’Iddi gehat fir déi zwou Saachen zesummen ze dinn an d’Feierstengszalot op de Sandwich ze maachen – perfekt fir e flotten Afternoon Tea ze begleeden.

Prep: 30 Minutten– Kachen 2 ½ Stonnen – Frigo: 2-3 Stonnen oder iwwert d’Nuecht – 12 Sandwichen fir 6 Leit – Hëlt e bëssen Zäit

400g Paleron de boeuf
1 Lorberblat
1 Muert
1 kleng Porett

Fir d’Vinaigrette:

1 Kaffisläffel Moschter
1 Zoppeläffel wäisse Wäinesseg
2 Zoppeläffelen Sonneblummenueleg
e puer Drëpse Maggi
½ Kaffisläffel gedréchent Zalotekraider
1 ½ Rahm

Fir d’Garniture:

1 Ee
5 Tomates cerise
20g Cornichon

12 Scheiwe Sandwichsbrout

Preparatioun:

De Paleron an d’Lorberblat an e grousst Dëppe mat Salzwaasser leeën. D’Muert schielen, d’Porett gutt wäschen, de Wupp erofschneiden an an d’Dëppe ginn. Gutt opkache loossen, de Gas méi kleng maachen a fir 2 ½ Stonn kache loossen bis de Paleron ganz zaart ass.

De Paleron eraushuelen an ofkille loossen. Wann e bis kal ass, de Paleron op den Teller leeën an an de Frigo fir op mannst eng Stonn stellen.

Während där Zäit gëtt d’Vinaigrette preparéiert. All d’Ingredientë ginn an eng kleng Schossel gemat a gutt duerchgemixt.

Huelt de Paleron aus dem Frigo a schneid en an dënn Scheiwen. D’Schweiwen an eng Schossel leeën a mat der Vinaigrette gutt vermëschen. Zeréck an de Frigo stellen an op mannst eng Stonn ofkille loossen (am beschten souguer iwwert Nuecht).

D’Ee fir 10 Minutte kache an ënnert kalem Waasser schwenken. Op d’Säit stellen a fir e puer Minutten ofkille loossen. D’Tomate wäschen an a kleng Cube schneiden. D’Cornichonen a kleng Scheiwe schneiden, d’Ee schielen an och a kleng Cube schneiden. Dat Ganzt bei d’Fleesch ginn a gutt mëschen.

D’Feierstengszalot op 6 Scheiwe Sandwichsbrout verdeelen, eng aner Scheif dropleeën, d’Kuuscht ofschneiden an an der Diagonal duerchschneiden.

Cucumber Sandwiches

RTL

Méi englesch geet net! Cornichons-Sandwichen si sou ze soen e “Must2 fir all Afternoon Tea. Hei ass eng Variant déi mat e bësse Meerrettesch gemat gëtt an dëse Sandwichen sou e klenge „Kick“ verpasst.

Preparatioun: 10 Minuten – Fir 12 Sandwichen fir 6 Persounen

1 Cornichon (concombre)
150g Rahmkéiss
3 Kaffisläffelen Meerretteschzooss
12 Scheiwen brongt Sandwichsbrout

Preparatioun:

D’Cornichon wäschen an a kleng Scheiwe schneiden.

De Rahmkéiss op 6 Scheiwe schmieren. En halwe Kaffisläffel voll Meerretteschzooss op déi 6 Scheiwe maachen an d’Cornichonsscheiwen opdeelen.

D’Sandwichen mat de 6 anere Scheiwen zoudecken, d’Kuuscht erofschneiden an an der Diagonal nach eng Kéier schneiden.

Cranberry Scones

RTL

Wat wär e Afternoon Tea ouni déi traditionell Scones? Scones sinn eng Zort vu mëlle Mëllechbréidercher déi séier ze maachen an e richtege Genoss sinn. Den Deeg soll a kengem Fall wéi Brout oder Pizzadeeg gekniet ginn. Är Scones solle liicht a knausereg sinn, so loosst d’Fangeren am beschte ewech fir den Deeg energesch ze knieden – maacht dat léiwer mat engem aneren Deeg.

Preparatioun 20 Minutten – Uewen 12 Minutten – Fir 8 Scones

250g Miel
4 Kaffisläffelen Backpulver
e bësse Salz
½ Kaffisläffel Zëmt
50g Zocker
50g kale Botter
50g gedréchent Cranberries
1 Ee
100ml Vollmëllech

Preparatioun:

Den Uewen op 200° C mat Umluft erhëtzen.

An enger Schossel, d’Miel, de Backpulver, d’Salz, den Zëmt an den Zocker mëschen. De Botter a kleng Cube schneiden a bei d’Mielmëschung dobäi ginn. De Botter reiwe mat den drëschenen Ingredientë reiwen bis alles wéi Streisel ausgesäit. D’Cranberries dobäi ginn.

Mir huelen eng aner Schossel an där mir d’Ee mat der Mëllech vermëschen an dann d’Mielbottermëschung dobäi ginn. Well den Deeg sou sensibel ass soll en och ganz lues gemëscht ginn.

Huelt de fäerdegen Deeg aus der Schossel a leet en op eng Surface déi viraus mat Miel bedeckt ginn ass. Nach eng ganz lues fir e puer Sekonne knieden an dann platt drécken sou datt en 3 cm déck nach ass.

Da Rondelen vu 6 cm mat engem Kichelchesschneider erausschneiden an op e Bakblech mat Bakpabeier leeën.

D’Scones fir 12 Minutten am Schäffche goe loossen bis se goldeg sinn. Loosst se lues a lues kal ginn, nach liicht waarm zerwéieren oder den Dag drop mam Toaster erhëtzen.

Chocolate Orange Macarons

RTL

Lo mol éierlech, wee kann “Nee” zu engem Macaron soen? Dës kleng Delikatessen sinn eng Freed fir all Gomm a suergen all Kéiers fir Opmierksamkeet bei egal wéi engem typesch Engleschen „Afternoon Tea“. Et brauch een och net duerch d’Macaronen intimidéiert ze sinn, si sinn kannerliicht ze preparéieren an Dir wäert gesinn dat et guer net sou schwéiert ass.

Preperatioun 1 Stonn – Raschten 1 Stonn – Uewen 15 Minutten

Fir 24 “Chocolate orange macarons” – E bëssen Effort

Fir d’Macaronen

3 Wäisst vum Ee, déi op Raumtemperatur sinn
30g rengen Zocker
200g Pudderzocker
125g geriwwe Mandelen
4 Zoppeläffelen Cacaospudder

Fir d’Schocklas-Orange Crème:

200g schwaarze Schockla
50g Botter
4 Zoppeläffele Crème Fraîche
100g kandéiert Orangeschuelen

Preparatioun:

Mir fänken un mat de Macaronsdeckelen. Klappt d’Eewäiss mam Mixer zu Schéi, maacht de rengen Zocker dobäi, dat Ganzt nach während enger Minutt weider mam Mixer mëschen.

De Pudderzocker, mat de Mandelen an dem Cacao an eng Schossel maachen. De Schnéi dobäi maachen a mat engem Kachläffel (Silikon oder Holz) lues duerchréieren sou datt sech d’Ingrediënten lues a lues zu Deeg vermëschen.

Maacht den Deeg an e „Piping Bag“ (Spritzbeutel, poche à douille), déi e ronne Kapp huet. Sprutzt kleng Disken op e Bakblech mat Bakpabéiere oder enger Silikonsmatt. Well awer all Deckelen e klengen „Hittchen“ hunn, soll een de Bakblech eng Kéier kuerz rëselen sou datt se e bësse méi platt ginn.

D’Macarons-Deckelen solle fir eng 1 Stonn op der Säit stoen ier se gebak ginn – d’Schuel gëtt da liicht haart sou datt beim Baken herno e klenge Fouss entsteet.

Während d’Macarons-Deckele raschten, gëtt d’Ganache, also d’Fëllung preparéiert.

De Schockla gëtt mat dem Botter geschmolt, da vum Gas geholl, 5 Minutte raschte gelooss. D’kandéiert Orangeschuele, ginn a kleng Wierfele geschnidden a mat der Rahm bei d’Mëschung dobäi gemat. Ëmréieren bis eng liicht Schocklasganache ensteet. Déi fäerdeg Fëllung an de Frigo maachen, awer drun denken fir d’Ganache herno op mannst eng hallef Stonn virdrun erauszehuelen, ier se op d’Macarons-Deckelen gemat solle ginn.

Den Uewen soll op 160° Grad virhëtzen an d’Macarons-Deckelen tëscht 12 a 14 Minutte goen loossen bis se liicht goldesch sinn.

Déi fäerdeg gebaken Deckelen eraushuelen a se komplett kal gi loossen ier Dir se vum Bakblech erofhuele wëllt.

Fir d’Macaronen fäerdeg ze maachen gëtt d’Ganache op en emgedréinte Macarons-Deckel verdeelt a mat engem aneren Deckel zougedeckt.

D’Macaronen hale sech ouni Problem fir eng Woch am Frigo.