Doheem ass d’Anne ëmmer Sonndes bei seng Grousselteren iesse gaangen wou ganz dachs Ham, Fritten an Zalot gouf.

Maple Cider Ham

RTL

Doheem ass d’Anne ëmmer Sonndes bei seng Grousselteren iesse gaangen wou ganz dachs Ham, Fritten an Zalot gouf. Dofir dësen Hommage un déi Zäit awer dës Kéier mat engem klengen engleschen „Twist“!

Iwwert d’Nuecht am Waasser leie lossen– Preparatioun 10 Minutten – Kachen 90mins – Uewen 30 mins – Fir 4 Leit - Einfach

- 1,5kg réih gesolpert Ham oder Fierkelshämmchen
- 2 Liter Cidre
- 1 geschielten Ënn
- 15 Päfferkäeren
- 1 Canéils-Staang
- 2 Lorberblieder
- 10 Neelcheskäpp
- 2 Zoopeläffelen Maisstärke (Mondamin, Maizena)

Fir d’Glasur
- 50ml Ahornsirop
- 1 Zoppeläffel Moschter mat Käeren
- 1 Zoppeläffel Worcestershire Sauce
- 1 Zoppeläffel Sojasauce

Loosst d’Ham iwwert d’Nuecht an engem groussen Dëppen am Waasser zéien – fir d’Salz erauszehuelen. Den aneren Dag, Moies, d’Waasser ewechschëdden an de Cidre, d’Ënn, d’Päfferkären, d’Canéils-Staang an d’Lorberblieder dramaachen. Frëscht Waasser draschëdden bis dat ganzt iwwerdeckt ass. Bréngt dat Ganzt zum kachen a loosst et fir 1 ½ Stonnen schmoren.

Wann d’Ham bis gekacht ass, huelt se eraus an leet se op e Bakblech. De Bouillon a kengem Fall ewechschëdden. Den Uewen op 200°C virhëtzen.

Loosst d’Ham liicht ofkillen fir datt se méi einfach ze verschaffen ass. D’Haut ewechschneiden (falls der do ass), loosst awer eng liicht Fettschicht iwwereg. D’Fettschicht vun der Ham aschneiden (iwwert d’Diagonal sou dat et wéi Losangen ausgesäit. An all Losange stiecht Dir dann e Neelcheskapp.

Fir d’Glasur ginn all d’Ingrediente gemëscht. Schëdd mat engem Läffel d’Glasur iwwert d’Ham a schëdd eng Louche vum Cidre-Bouillon an de Fong vum Bakblech.

Loosst d’Ham fir 30 Minutten am virgehëtzten Uewen. Kuckt heinansdo an den Uewen, wann d’Fleesch am gaangen ass ze drëchen ze ginn, einfach nach e bësse Bouillon bäiginn.

TIPS:
Wann Dir ouni Alkohol kache wëllt dann huet aplaz vum Cidre Äppeljus
Wann Dir méi eng déck Ham hutt, da reschent fir se ze kachen, 1 Stonn pro Kilo Fleesch. D’Zäit fir den Uewen bleift déi selwescht.

Coleslaw

RTL

Preparatioun 20 Minutten – Kachen 5 Minutten – Fir 4 Leit

Fir de Coleslaw:
- 200g Muerten
- 3 jonk Ënnen
- 200g wäisse Kabes
- 50g Mayonnaise
- 2 Kaffisläffelen graffe Moschter
- 2 Kaffisläffelen roude Wäinesseg
- Päffer

D’Muerte schielen a rappen. De Kabes an d’Ënnen schneiden. An enger grousser Schossel, d’Mayonnaise, de Moschter, den Esseg an de Päffer mëschen.
D’Geméiss dobäiginn a gutt dréinen.

Roast Potatoes

RTL

Bei all gudde Sunday Lunch gehéieren och déi traditionell Roast Potatoes

Preparatioun 15 Minutten – Uewen 50 Minutten – Fir 4 Leit
- 1.25kg mielzech Gromperen
- 25g Botter
- 8 Kaffisläffelen Olivenueleg
- 3 Knuewelekszéiwen

Den Uewen ob 180 °C virhëtzen. D’Gromperen schielen an a gläichgrouss Stécker schneiden. D’Gromperen während 5-6 Minutten a kachendem Waasser blanchéieren. D’Gromperen ofschëdde a gutt rëselen bis se liicht rauh sinn – doduerch gi se gutt knuspereg.

Maacht de Botter matt 4 Läffelen Olivenueleg an e grousse Bakblech, stellt en an fir 5 Minutten an den Uewen. De Bakblech nees eraushuelen, d’Gromperen an déi ongeschielten Knuewelekszéiwen draleeën a salzen. De Baklech nees an den Uewe stellen a während 50 Minutte goe loossen.

Huelt d’Gromperen no 25 Minutten eng Kéier eraus fir ëmzeréiren an de Rescht vum Olivenueleg driwwer maachen.

Eton Mess

RTL

E richtegen Englesche Klassiker!

Preperatioun: 10 Minutten – Uewen 2 Stonnen + roueg stoe loossen – Fir 4 Leit – Einfach

Fir d’Meringue:
- 2 Eeër
- 100g Zocker
- 3g Vanillszocker  or ½ Kaffisläffel Vanillsessenz

Fir d’Crème

- 200ml Rahm
- 3g Vanillszocker  or ½ Kaffisläffel Vanillsessenz
- 10g Zocker
- 20 Hambier
- 12 Äerdbier

Den Uewen op 110°C virhëtzen

Trennt d’Eeër a maacht d’Eewäiss an eng Schossel. Klappt mat engem Mixer d’Eewäiss bis et ufänkt steif ze ginn. Schëdd den Zocker an de Vanillszocker dobäi. Mixt esou laang bis den Zocker sech ganz opgeléisst huet.

Maacht mat engem grousse Läffel 2 grouss Meringuen. Huelt dofir de Schnéi a maacht mat engem Läffel Meringuen déi Dir dann op e Bakblech mat Bakpabeier leet.

Loost d’Meringuen 2 Stonne bei 110 °C Grad am Uewe goen. Loost d’Meringuen ganz kal gi loossen ier Dir se vum Bakblech erofhuelt.
D’Klappschmannt mam Zocker a Vanillszocker mëschen.
D’Friichte wäschen an d’Äerdbier a kleng Cube schneiden.

Huelt e Läffel voll Klappschmannt a maacht et an eng Schossel fir ze zervéieren. Doropper maacht Dir e Läffel Friichten drop. Zerbriecht d’Meringuen an verdeelt e bëssen iwwert d’Friichten. Sou laang ofwiesselnd, Schicht pro Schicht weiderfueren bis d’Schossel voll ass. Wann alles fäerdeg ass dat Ganzt mat engem Läffel gutt mëschen.