Dir wëllt net wësse wéivill Kalorien dëse Plat huet... an awer ass et flott fir heiansdo e „Full English Breakfast“ ze genéissen.

Full English Breakfast

RTL

Dir wëllt net wësse wéivill Kalorien dëse Plat huet... an awer ass et flott fir heiansdo e „Full English Breakfast“ ze genéissen. Dëse Plat gesäit no enger heeden Aarbecht aus ma wann een et schéin Step fir Step mécht ass dat absolut ze handhaben. Z.b. preparéiert d’Anne Gromperekichelcher op seng Manéier

Fir d’Gromperekichelcher:

2 Gromperen (300g)
1 Ënn (100g)
1 Ee
2 Zoppeläffele Miel
1⁄2 Kaffisläffel Salz
1 Kaffisläffel kleng gehackte Péiterséileg mat Sonneblummenueleg
8-12 Wurschten
2 Tomaten
1 Kaffisläffel Herbes de Provence
8 Champinionen
1 Kaffisläffel gedréchente Romarin
12 Pancetta oder Speck
8 Eeër
140ml Rahm
2 Zoppeläffelen jonk Poretten (optional)
Baked Beans
Salz a Peffer
4 Scheiwen Toastbrout

Fir 4 Persounen• Preparatioun 30 Minutten • Kachen 30 Minutten • E bëssen ustrengend

Mir fänke mat der Gromperekichelcher un. D’Ënn an d’Grompere gi geschielt, da kleng gerappt an an eng Schossel gemat. D’Ee, d’Miel, d’Salz an de Péiterséilech dobäi ginn a gutt mëschen a fir 30 Minutten zéie loossen.

Während dem, gëtt de Rescht preparéiert. Reift e Bakblech mat Botter an an leet d’Wurschten doropper, pickt mat enger Forschette an all Wurscht.

D’Tomate ginn an der Mëtt duerchgeschnidden, d’Champinionen gi gebotzt a gevéierdeelt. Alles op de Bakblech leeën, e bëssen Herbes de Provence driwwer iwwert d’Tomate maachen, de Romarin kënnt bei Champinionen. D’Tomaten an d’Champinionen salzen an op d’Säit stellen.

De Rescht vun den Eeër an eng Schossel maachen, d’Rahm an d’Porette dobäi ginn, mat Salz a Peffer asaisonéieren, gutt mëschen an op d’Säit stellen.

Déi gerappte Gromperen ginn ofgeschodd well sech Waasser um Fong vun der Schossel gesammelt huet.

De Sonneblummenueleg an eng Pan maachen, sou datt de ganze Fong vun der Pan mat Ueleg bedeckt ass. Den Ueleg an der Pan erhëtzen a mat e bëssen Deeg testen ob den Ueleg och scho waarm genuch ass. Wann den Ueleg spruddelt da kënnt Dir 4 Zoppeläffelen vum Deeg an der Pan verdeelen a Gromperekichelcher doraus maachen. D’Gromperekichelcher brauchen ongeféier 2 Minutten bis se fäerdeg sinn. Huelt se dann eraus a leet se op en Teller mat Kichepabeier fir d’Fett ze absorbéieren.

Dës Manipulatioun soulaang weidermaachen bis den Deeg ganz opgebraucht ass. Wann d’Gromperekichelcher alleguerte fäerdeg sinn, gi se op en 2te Bakblech geluecht.

Den Ueleg aus der Pan schëdden an d’Pan nees op d’Kachplaque stellen fir herno de Speck ze broden.

D’Baked Beans ginn an en Dëppe gemat a ginn bei mëttlerer Hëtz waarm gi gelooss. Heiansdo ëmréieren.

Äre Schäffchen mat der Combi-Funktioun, Grill an Umluft, op 150°C erhëtzen. D’Gromperekichelecher ënnen an de Schäffchen maachen d’Wurschten, d’Tomaten an d’Champinionen uewe maachen. Loosst dobäi d’Dier vum Schäffchen e ganz e bëssen opstoen a grillt dat Ganz während 8-10 Minutten. Je nodeems wéi déck d’Wurschte sinn kënnt Dir se dréinen.

Während dem, gëtt d’Pancetta oder der Speck fir e puer Minutten an der Pan brode gelooss. Wa se liicht brong ginn, si se fäerdeg an Dir kënnt se aus der Pan huelen an op 4 Tellere verdeelen. D’Eeër gëtt dann an déi selwecht pan gemat a während enger Minutt geréiert sou datt een „Scrambled Eggs“ kritt. D’Eër op déi verschidden Telleren opdeelen.

D’Brout geet an den Toaster, d’Wurschten, d’Tomaten an d’Champinionen ginn aus dem Uewe geholl an och opgedeelt. Dat selwecht mécht ee mat de Gromperekichelcher an de de Baked Beans.

D’Toaste mat Botter drop dobäi ginn.

Earl Grey Stewed Fruit with Vanilla Porridge

RTL

En agréabelen Dag fänkt ëmmer mat enger Schossel Porridge an enger gudder Taass Téi. Dat hei ass e méi nobelen Porridge. Mat klasseschem Earl Grey ginn d’Friichte lues infuséiere gelooss an de Porridge aus Hafer gëtt mat engem liichten Touch vun Vanille verfäinert. Et ass den Himmel an enger Schossel

Fir 6 Persounen • Preparatioun 20 Minutten • Kache 15 Minutten • Einfach

Fir d’geschmorte Friichten
400ml Waasser
2 Earl Grey Téisäckelcher  
150g Zocker
2 Bieren
10 gedréchent Aprikosen
30g gedréchent Airellen (Cranberries)
10 gedréchent Quetschen

Fir de Porridge
220g Haferflocken
1.4 Liter Mëllech
4 Kaffisläffelen Zocker
E bësse Salz
1 Vanillsstaang

400ml Waasser kachen, an eng Casserole maachen an d’Téisäckelcher dramaachen. Zoudecken a fir 5 Minutten zéie loossen.

Während dem, d’Biere schielen an a Véirels schneiden, d’Kären eraushuelen an a kleng mondgerecht Stécker schneiden. D’Aprikosen an d’Quetschen an der Mëtt duerchschneiden.

D’Téisäckelcher aus der Infusioun eraushuelen, den d’Zocker, d’Bieren, d’Aprikosen an d’Airellen dobäi ginn. Während 4 Minutten bei mëttlerer Hëtz liicht kachen, d’Quetschen dra maachen a fir nach zousätzlech 3 Minutte goe loossen bis d’Bieren duerch sinn. D’Friichten mat enger Schaumläffel eraushuelen an an eng Schossel maachen. De Rescht wat an der Pan ass, de Sirop, nach eng Kéier gutt ophëtzen a reduzéiere loossen.

Fir de Porridge ginn d’Haferflocken an eng Casserole gemat an d’Mëllech an den Zocker ginn dobäi gemat. D’Vanillsstaang opschneiden, d’Kären eraushuelen an déi zwou Saachen dra maachen. Kuerz opkachen an dann nees manner waarm stellen a fir 2 Minutte goe loossen während een déi ganzen Zäit ëmréiert. D’Vanillsstaang eraushuelen an de Porridge fir 1 Minutt raschte loossen.

De Porridge mat de geschmorte Friichten an dem Sirop servéieren.

TIP
Wann Dir an der Hetz sidd, kënnt Dir d’Friichten den Owend virdru virbereeden oder einfach de Porridge esou maachen, mat e bësse brongem Zocker a mat Kanéil verfäineren.

Baked Beans

RTL

Keen typeschen “English Breafast” wier komplett wa keng Baked Beans dobäi wieren. Vill Leit fäerten associéieren dës kleng Buggeren mat engem agemaachtener Horrorvisioun. D’Anne weist Iech eng Welt déi tëscht dësen agemaachtenen Boune läit – an ännert se sou datt Dir och e Bounefan gitt.

Fir 4-6 Persounen• Preparatioun 10 Minutten • Kachen 25 Minutten • Einfach

1 Ënn
100g Pancetta
1 rouden Chili (optional)
1 Kaffisläffel Sonneblummenueleg
2 Knuewelekszéiwen
400g gehackten Tomaten aus der Dous
1 Kaffisläffel Worcester Sauce
1 Kaffisläffel Barbecue Sauce (optional)
1 Zoppeläffel Moschter
1 Zoppeläffel Zocker
3 Thymiansäscht
400g wäiss Bounen aus der Dous(235g ofgeschodd)
Salz a Peffer

D’Ënn, d’Pancetta an den Chilli kleng schneiden. Den Ueleg an eng grouss Casserole maachen an déi 3 Saachen op mëttlerer Hëtzt während 4 Minutten broden, bis d’Ënnen duerchsiichteg sinn. De Knuewelek zerdrécken an déi bei d’Ënnen dobäiginn a während enger Minutt goe loossen.

D’Tomaten, d’Worcester Sauce, d’Barbecue Sauce, de Moschter, den Zocker an den Thymian dobäi ginn a mat Salz a Peffer wierzen. Fir 5 Minutte mat engem Deckel drop kache loossen, d’Bounen dramaachen a bei mëttelhéiger Hëtzt 4 Minutte goen a vun Zäit zu Zäit réiren. Zum Schluss, den Deckel erofhuelen an nach eng Kéier fir 5 Minutte goe loossen.

Breakfast Smoothie

RTL

Dat hei ass de gesonde Start an den Dag. Ob elo mat frësche Friichten oder aus dem Äisschaf hei ass der Kreativitéit keng Grenz gesat. Test roueg e puer Kombinatiounen aus, Äerdbier mat Banane oder Pamplemousse mat Mango.

Fir 2 Persounen • Preparatioun 5 Minutten • Einfach a séier

100g gefruere Molbier
100g gefrueren Hambier
4 Kaffisläffelen Yoghurt
200ml Äppel-Jus

Alleguerten d’Ingredientën zesumme maachen a mam Mixer gutt duerchmixen.