An England gi vill Partye gefeiert. Ob elo eng Streetparty, Gardenparty... et gëtt ëmmer e gudde Grond fir mat den Noperen ze feieren.

Cheese Biscuits

RTL

Op all dem Anne senge Partyen ginn et Cheese Biscuits. Dës gehäerzte Kichelcher schmaachen am Beschte wa se frësch aus dem Uewe kommen a passe perfekt zu engem gudde Glas wäisse Wäin oder Crémant.

Fir ongeféier 30 Stéck

210g Miel
1/2 Kaffisläffel Backpulver
Eng Prise Salz
1 Kaffisläffel frësch gemuelene Peffer
165g net gesalzte Botter, Raumtemperatur
165g gerapptene Parmesan
50g gerapptenen Cheddar
1 Ee
5 Mohnkären

Preparatioun:

D’Miel, de Backpulver, d’Salz an de Peffer an eng Schossel ginn.

An enger separater Schossel gëtt de Botter an de Parmesan gemëscht, den Cheddar gëtt dann uschléissend dobäi gemat. De Rescht vun den Ingredienten draginn a gutt mixen bis e liichten Deeg entsteet. Mat den Hänn weider mëschen bis den Deeg kompakt ass an zesummenhält (dëst soll ee relativ séier maachen, den Deeg däerf nämlech net waarm ginn).
Den Deeg op eng Surface leeën déi mat Miel gutt ageriwwen ass. Den Deeg an zweedeelen mat den Eewäiss apinselen an d’Mohnkären dobäi ginn.

Déi 2 Deeler an eng Frischhaltefolie awéckelen a fir 30 Minutten an den Äisschaf stellen.
De Schäffchen op 180° virhëtzen.

Soubal den Deeg haart ass (net gefruer), soll en erausgeholl ginn an a kleng Scheiwe vun ongeféier engem ½ cm schneiden.

Dës Scheiwen dann op de Bakpabeier leeën a fir 15 Minutten am Schäffche goe loossen bis se schéi goldeg sinn.

Am beschten schmaachen dës Kichelcher mat engem Glas wäisse Wäin.

BBQ pork skewers

RTL

De Geroch vun dëse gegrilltene Schwéngsbrochetten verféiert d’Anne all Kéier nees zeréck an Thailand. Zu Bangkok, fënnt een an all Strooss dës exzellent Brochetten – déi och Moo Ping genannt ginn. De Geroch dovunner gëtt dëser dompeger Stad e gewëssenen aromateschen Doft. D’Brochette sinn einfach ze maachen a sinn bei all Barbecue ëmmer wëllkomm.

Preparatioun: 10 Minutten – Marinéieren: 30 Minutten – Fir 12 Brochetten - Einfach

450g moer Schwéngsfileten

Fir d’Marinade:
2 zerdréckte Knuewelekszéiwen
1 hand voll frësch gehacktene Korriander
4 Zoppeläffelen Thai Fësh Sauce
1 Zoppeläffel Soja sauce
1 Zoppeläffel Ketjap Manis
110ml Kokosnoss Mëllech
110ml Sonneblummenueleg
1 Zoppeläffel brongen Zocker

12 hëlze Spiissecher

Preparatioun:

D’Schwéngsfileten an dënn Tranche schneiden (3x8 cm) an an eng keramik Schossel oder eng Plastikstut maachen

All d’Ingredienten fir d’Marinade zesummen an eng Schossel maachen an iwwert d’Fleesch schëdden, sou datt alles gutt mat Marinade iwwerdeckt ass. Eng Frischhaltefolie driwwermaachen a fir mindestens 30 Minutten wann net iwwert d’ganz Nuecht an de Frigo stellen.

Ier d’Fleesch gegrillt ka ginn, sollen d’Spiissecher fir 30 Minutten an d’Waasser geluecht ginn.

D’Fleesch dann an d’Spiissecher stiechen.

Bei grousser Hëtzt fir 3 Minutten op all Säit goe loossen.

TIP: Dir kënnt och dëse Plaz an Schäffche maachen. Fir 10 – 15 Minutten am Schäffche grillen an deems Dir d’Brochetten regelméisseg dréint.

Ketjap Manis ass eng séiss Soja Sauce séi dacks an Süd-Ost Asien fir ze kache gebraucht gëtt. Wann Dir kee Ketjap Manis fannt da gebraucht einfach en Zoppeläffel Melass oder déi normal Soja Sauce.

Hummus

RTL

Dem Anne säin absolute Lieblings-Dip ass den Hummus. An England kritt een den Hummus iwwerall ze kafen an et gëtt keng eenzeg Party oder e Picnic wou net Hummus matgereecht gouf. Dobäi ass dësen Dip ganz einfach ze maachen, alles zesummen an e Mixer puchen an alles vermëschen – sou einfach ass et. D’Tahini Pâte fannt Dir an de Supermarchéen am Rayon mat den auslänneschen Iesswueren. D’Tahini Pâte ass näischt anescht wéi Sesamsbotter.

Preparatioun: 5 Minutten – Fir 1 Schossel – Einfach

1 Dous Pois-Chiche (240 g ofgeschottent Gewiicht)
1 Knuewelek-Zéif, gehackt
3 Zoppeläffelen Tahini Pâte
3 Zoppeläffelen Yoghurt
Jus vun 1 grénger Zitroun
¼ Kaffisläffel Salz
Schwaarze Peffer
2 Zoppeläffelen Olivenueleg an e bësse fir ze besprinselen
Paprikaspudder (gereechert)

Preparatioun:

Maacht alleguerten d’Ingredienten ausser dem Paprika an e Mixer a mëscht se bis alles zu enger Zort Bräi ginn ass, dann an eng Schossel maachen, mat Olivenueleg a Paprika besprinselen.

Den Hummus schmaacht am Beschte mat Crackers oder réiem Geméis.

TIP:
Et gëtt eng sëlleche Variatiounen fir Hummus ze maachen.

  • Pesto Hummus: e puer Zoppeläffele Pesto drënnermëschen
  • Oliven Hummus: e puer schwaarz Oliven drënnermëschen
  • Kümmel Hummus: réischtert en Zoppeläffel Kümmel an enger Pan, maacht e bësse Basilikum an de Kümmel an den Hummus a mëschen.

Mini Chocolate Beignets

RTL

Ok, de Numm klengt schonn e bësse „chic“, ma dës Beigneten sinn näischt anescht wéi frittéiert Mars Barren. D’Anne huet sech geschwuer nimools sou eng kulinaresch „Perversioun“ ze iessen, mä eng Nuecht zu Glasgow huet alles geännert. An engem klenge Lokal huet d’Anne nämlech fritéiert Mars Barren geschmaacht a gemierkt datt se als Dessert ganz acceptabel sinn. Dësen Dessert huet e liichten Touch vu Churros, knausereg a fetteg baussen, geschmolltene Schockla an der Mëtt. Eng ganz Portioun war awer net ze packen, sou gouf aus enger grousser Mars Barre eng Minischocklas Barre déi mat Béierdeeg, Vanilleszocker a Kanéil verfäinert ginn. Dës kleng Schocklasbeigneten sinn sou e Partyrenner ginn.

Äisschaf: 15 Minutten – Préparatioun: 10 Minutten – Frittéieren: 6 Minutten – Fir ongeféier 25 Beigneten

100g Miel
½ Kaffisläffel Backpulver
1 Zoppeläffel Vanilleszocker
¼ Kaffisläffel Kanéil
120ml kale Béier
1l Sonneblummenueleg
30 Minischocklas Barren, wéi Mars, Snickers (250g)
2 Kaffisläffelen Pudderzocker fir driwwer ze maachen

Preparatioun:

Stellt d’Miel an den Äisschaf fir 15 Minutten.

Wann d’Miel bis kal ass, an eng Schossel maachen a mam Backpulver, dem Vanilleszocker an dem Kanéil vermëschen. De kale Béier dobäiginn a réieren bis e seimegen Deeg entsteet.

De Sonneblummenueleg an enger Pan ophëtzen, eng Drëps Deeg dramaachen fir ze kucken op den Ueleg scho waarm genuch ass. D’Minischocklas Barren auspaken an an den Deeg leeën sou datt se komplett iwwerdeckt sinn.

D’Schocklas Barren aus dem Deeg erausfëschen an all Kéiers 5 Stéck an de waarmen Ueleg zappen. Fir e puer Minutte frittéieren bis se goldeg ginn. Aus de Fett eraushuelen an op Kichepabéiert leeën fir d’Fett ofzesaugen. Ier d’Beigneten zervéiert ginn, Pudderzocker driwwer maachen.

TIP: Wann e keng Minischocklas Barre fënnt, kann een och grousser huelen a se just a kleng Stécker schneiden.

Earl Fizz

RTL

Dëse Cocktail ass reng zoufälleg beim Anne geland wou et Earl Grey Martinien rëmexperimentéiert huet. Frënn haten dunn eng Fläsch Crémant matbuerecht an d’Anne hatt d’Iddi fir e bësse Crémant bei d’Martinien ze ginn.. wat erauskoum kënnt Dir elo hei noliesen.

Preparatioun 20 Minutten – Fir 6 Glieser - Einfach

100g Zocker
6 Earl Grey Téisäckelcher
200ml Gin
3 Limonen
8 Äis Cuben
1 Fläsch Crémant
Salz a Peffer fir de Rand vum Glas

Preparatioun:

Et fänkt een un en Zockersirop ze maachen. Den Zocker gëtt an eng Pan gemat an 100ml Waasser gin dobäi geschodd. Dat ganz fir 10 Minutten opkachen an dann ofkille loossen.

D’Téisäckelcher fir 10 Minuten an den Gin leeën, dann eraushuelen, ofdrëpse loossen an an e Shaker maachen.

D’Limonen ausdrécken an de Jus an de Shaker maachen. De Siro an déi 8 Äis Cuben dramaachen a fir e puer Minutte gutt rëselen.

D’Salz an de Peffer op e klengen Teller maachen E bësse Waasser op en aneren Teller maachen. De Rand vun de 6 Schampesglieser an d’Waasser zappen an duerno an d’Salz-Peffer Mëschung.

Den Earl Grey Sirop an duerno de Crémant tëscht de Glieser opdeelen sou datt 1/3 Sirop an 2/3 Crémant an all Glas sinn

Bloody Mary

RTL

Am Englesche gëtt et en Ausdrock “Hair of the dog”, wat esou vill heescht wéi dat beschte Mëttel géint en décke Kapp ass weider ze drénken. Dem Anne seng Frënn hunn de Bloody Mary immens gär, dofir suergt hatt fir all Kéiers e grousse Pitcher voll ze hunn wa si op seng Brunch Partië kommen.

Preparatioun: 5 Minutten – Fir 2 Glieser – Séier an einfach

100ml Vodka
300ml Tomatejus
1 Kaffisläffel Jus vun enger grénger Zitroun
1 Kaffisläffel Worcester Sauce
1 Kaffisläffel Zocker
E bësse Paprikaspudder
E puer Drëpsen Tabasco
E puer Äis Cuben

Preparatioun:

De Vodka mam Tomatejus, dem Jus vun der Zitroun, der Worcester Sauce, dem Zocker an dem Paprika mëschen. Anstänneg mat frësch gemuelenem Peffer wierzen, eng Prise Salz dobäi ginn. E puer Drëpsen Tabasco dramaachen a mat e puer Äis Cuben zerwéieren

TIP: Fir e spezielle Kick ze kréien kann een nach Meerettech dobäi maaachen.