An England gëtt vill gebak an et ginn eng sëllechen Kichelcher, Kuchen, Taarten déi ee maache kann. Video a Rezepter

Whisky orange marmalade cake

RTL

Dem Anne säi Whisky Orange Marmalade Cake ass en Homage un 2 englesch Produiten, d’Orangegebees an de Whisky. Marmalade ass eigentlech en immenst battert Gebeess, ma fir dëse Kuch ass dat perfekt. Natierlech kann een dëse Kuch och ouni Whisky maachen an zwar de Whisky einfach mat 4 Zoppeläffele Waasser ersetzen.

Fir 10 Portiounen– Preparatioun: 15 Minutten – Uewen 65 Minutten – Net sou schwéier

4 Zoppeläffelen brongen Zocker
4 Orangen
200g Zocker
1 Pak Vanillszocker oder 1 Kaffisläffel Vanillsessenz
200g mëlle Botter
6 Zoppeläffelen Orangegebees
4 Eeër
200g Miel
3 ½ Kaffisläffelen Backpulver
50g gemuele Mandelen
E bësse Salz
1 Kaffisläffel Orangeschuelen
4 Kaffisläffele Whisky

Fir d’Klappschmannt :
300ml Rahm
30g Zocker
½ Kaffisläffel Kanéil
1 Kaffisläffel Whisky

De Schäffchen op 180° C op Umluft virhëtzen

Zwou Orange schielen an a dënn Scheiwe schneiden. De Jus aus den aneren 2 Orangen erauspressen, an eng kleng Schossel maachen an op d’Säit stellen.

An enger anerer Schossel, den Zocker, de Vanillszocker an de Botter gutt mëschen bis déi ganz Mëschung bleech a lëfteg ausgesäit. Duerno 3 Zoppeläffele Gebees an d’Eër drënner schloen. Dann d’Miel, de Backpulver, d’Mandelen, e bësse Salz, den Orangejus dobäi ginn a weider mëschen.

An enger 23 cm grousser Springform gëtt ofgeschniddene Bakpabeier drageluecht, d’Boren ginn liicht agefett.

Op de Fong vun der Springform kënnt e bësse brongen Zocker. Dann ginn d’Orangescheiwen schéin op de Fong vun der Form geluecht sou datt et wéi en Deckel herno ausgesäit.

Virsiichteg den Deeg iwwert den Orangendeckel schëdden a fir 65 Minutten am Schäffche goe loossen. Fir ze kucken ob de Kuch duerch ass braucht Dir nëmmen e klengt hëlze Spiesschen ze huelen an an d’Mëtt vum Kuch ze picken. Wann et nees propper erauskënnt ass de Kuch gutt.

Huelt de Kuch aus dem Uewen a loosst e fir 5 Minutte raschten. Dann mat engem Messer ronderëm d’Bore fueren an d’Springform ewechhuelen. Well de Kuch awer nach waarm, leet en Teller op de Kuch fir en ëmzedréinen.

An engem Dëppen ginn 3 Zoppeläffelen Marmalade mat 4 Zoppeläffele Whisky opgekacht. Stiech kleng Lächer an de Kuch mat engem Spiess a schëdd mat engem Läffel de Marmalde Whisky Sirop iwwert de waarme Kuch.

Loosst de Kuch komplett ofkillen ier Dir en zerwéiere wëllt. Während dem, maacht d’Klappschmannt andeems Dir d’Rahm, den Zocker an de Kanéil mat engem Mixer klappt. Nach e bësse Whisy dobäi ginn an e mam Kuch zerwéieren.

Carrot Cake Cupcakes

RTL

Kanéil, wäisse Kéiss an eng aussergewéinlech Textur, maachen fir d’Anne aus dem Carrot Cake Cupcakes de Kinnik vun all Gebäck. D’Rezept fir dem Anne säi Carrot Cup Cake ass eent vun deene meeschtgeliesenen aus sengem Blog. Et ginn Mini Carrot Cakes gemat ma et kann een se awer och an enger Bakform maachen woubäi dëst dann eng 1 Stonn am Schäffche goe muss.

Preparatioun: 30 Minutten – Uewen: 40 Minutten – Fir 14 Cupcakes

Fir d’Cupcakes:
2 mëttelgrouss Eeër
200g brongen Zocker
150ml Sonneblummenueleg
200g Miel
40g zerschnidde Kokosnoss
1 Zoppeläffel gemuelene Kanéil
1 Kaffisläffel Bakpulver
1 Zoppeläffel Salz
200g geriwwe Muerten
50g Nëss
75g Ananas aus de Béchs

Fir d’Glasur:
75g wäisse Kéiss
40g net gesalzene Botter
300g Pudderzocker

De Schäffchen op 150°C op Umluft virhëtzen.

En Cupcakeform huelen mat 14 Cupcake Plazen

D’Nëss an den Ananas kleng schneiden.

An enger grousser Schossel, d’Eeër ganz séier klappen, den Zocker dobäi ginn a weider klappen bis eng hell lëfteg Mass entsteet. De Mixer op héijer vitesse goe loossen, an den Ueleg lues a lues bäiginn. Sou laang klappen bis dat Ganzt steif ass.

An enger separater Schossel, gëtt d’Miel, d’Kokosstécker, de Kanéil, de Bakpulver an d’Salz gemixt an duerno an den Eeërmix dobäi ginn. Wa bis alles vermëscht ass, d’geriwwe Muert, den Ananas an d’Nëss dobäiginn.

D’Bakform mam Deeg opfëllen a fir 40 Minutte goe loossen oder einfach dra picken fir ze kucken ob d’Cupcakes gutt sinn.

Fir d’Glasur gëtt de Botter a kleng Stécker geschnidden a mat engem Mixer d’Rahm an de wäisser Kéiss drënner schloen. De Pudderzocker an 3 Kéieren dobäi ginn. Wann alles dran ass a gutt vermëscht dann an de Frigo stellen. Wann d’Cupcakes fäerdeg sinn, 10 – 15 Minutte kalstellen. Wann se bis kal sinn, all eenzelnen Cupcake mat der Glasur bepinselen.

Brownies

RTL

Dat heite sinn déi bescht Brownies vun der Welt! Zéihflësseg a knätscheg bannen mat enger liichte Krust ronderëm. Dir sollt och net schockéiert sinn iwwert déi Quantitéit vun Zocker déi drakënnt well et ass genau dat wat d’Brownies sou mécht wéi se sinn.

Fir 8 Brownies – Preperatioun 10 Minutten – Uewen 30 Minutten - Einfach

100g schwaarze Schockla
50g bronge Schockla
125g Botter
250g Zocker
E bësse Salz
1 Pak Vanillszocker (7g)
2 Eeër
85g Miel
100g wäiss Schocklasgrimmelen
Gedréchent Miersalz (fleur de sel)

De Schäffchen op 180°C virhëtzen.

De Schockla an de Botter schmëlzen. Den Zocker, d’Salz, de Vanillszocker an d’Eeër an eng Schossel maachen a opklappen bis et eng hell Mass gëtt. De geschmoltene Schockla dobäi maachen a weider klappen. D’Miel schlussendlech dra ginn, d’Schocklasgrimmelen an d’Fleur de Sel dobäi ginn.

Maacht an eng Browniesform Bakpabéier (18x24 cm). De Browniesmix an den Uewen maachen a fir 35 Minutte bake loossen. De Brownie ass dann nach e bësse schwabbeleg an der Mëtt wann der se eraushuelt. De Brownie soll ganz ofgekillt sinn ier en zerwéiert gëtt.

Shortbread

RTL

Wann Dir d’Anne frot dann ass Shortbread de bescht Botter Biscuit vun der Welt. Original kënnt d’Shortbread aus Schottland, ass ganz einfach ze maachen an all Kéiers immens wëllkomm bei enger gudde Taass Théi.

Preparatioun: 15 Minutten – Frigo 20 Minutten – Uewen 15-20 Minutten – Fir 20-25 Biscuiten – Einfach

60g Botter, Raumtemperatur
25g Zocker + e bësse fir driwwer ze sprinselen
½ Vanillsstaang (optional)
90g Miel

De Schäffchen op 170° C Umluft virhëtzen.

Schlot de Botter an den Zocker an enger Schossel mat engem Mixer bis d’Mëschung gutt seimeg ass. D’Vanillsstaang opschneiden an d’Käeren eraushuelen an d’Bottermëschung bäiginn.

D’Miel dobäi ginn. Weider mixen bis et liicht grimmeleg ausgesäit. Dann, mat den Hänn weider knieden bis en Deeg doraus entsteet. Am Ufank gesäit dat sou aus wéi wa lauter Kniet drawieren ma no enger gewëssener Zäit misst den Deeg zimlech homogen sinn.

Den Deeg op eng Fläch leeën déi mat Miel ageriwwen ass, da rullen bis en 1 cm déck ass. A kleng Rechtecker schneiden a kleng Lächer mat enger Forschette dra picken.

E Bakblech huelen, Bakpabeier dropmaache a bëssen Zocker an d’Cookies dropleeën.

Fir 15-20 Minutte bake loossen dann eraushuelen a op engem Grill ofkille loossen.