D'Anne preparéiert sech op Chrëschtdag a proposéiert Iech säi Menu fir d'Feierdeeg!

Turkey Wellington with Cranberry Sauce

RTL

Et kann ee sech Chrëschtdag net ouni Dinde virstellen. Dobäi muss et ëmmer eng Dinde am ganze Stéck sinn, och d’Brëschtchen eegent fir dëse Plat. Dëse Plat verléiert näischt u senger Presentatioun an ass ganz einfach fir ze preparéieren.

Fir 4 Persounen – Preparatioun 1 Stonn – Baken 30 Minutten – E bëssen opwenneg

Fir d’Dinde:
500g Champignon
2 Schallotten
30g Botter
2 Knuewelekszéiwen
4 EL wäisse Wäin
½ TL Thymian
8 Dinde Fileten oder 800g Dindebrëschtchen
40g gedréchent Airellen
3EL Sonneblummenueleg
500g Bliederdeeg
12 Scheiwen Parmaham
1 Ee, geréiert

Fir d’Sauce:
50g Botter
60g Zwiwwelen
1 EL Hunneg
1 EL Wäinesseg (rout)
400ml roude Wäin
300ml Gefligelbouillon
2 TL Maizena
3 EL Rahm

Fir d’Airelle Gebees:
250 g gefrueren Airellen
100ml Porto
100g Zocker

Preparatioun:

Fir d’éischt gëtt Duxelle preparéiert. D’Schallotten an de Knuewelek schielen. D’Champignonen an d’Schallotte kleng haken, de Knuewelek pressen

De Botter an enger grousser Pan schmëlzen an d’Schallotte glaseg broden.

De Knuewelek dobäi ginn an eng weider Minutt broden.

D’Champignonen, de Wäin an den Thymian dramaachen an bei héijer Temperatur broden, bis d’Flëssegkeet verdämpt ass. Mat Salz a Peffer wierzen an op en Teller maachen an op d’Säit stellen.
D’Fleesch preparéieren. Wann dir e Schnitzel huelt, 2 Schnitzel op en aner leeën déi eng Halschent, gedréchenten Airellen doriwwer verdeelen an 2 weider Schnitzelen dropleeën. Mat dem Rescht vun de Schnitzelen an Airellen dat selwecht maachen.

Fir d’Preparatioun vun de Brëschtercher, d’Brëschtercher der Längt no aschneiden, sou datt eng Täsch entsteet. Mat gedréchenten Airelle fëllen.

D’Fleesch mat engem Garn awéckelen, sou datt d’Airellen beim Broden net erausfale kënnen. Mat Salz a Peffer wierzen.

Den Ueleg an eng Pan ginn a wiermen fir d’Fleesch unzebroden. Wann et bis gutt ungebroden ass, d’Fleesch eraushuelen, op en Teller leeën an op d’Säit stellen.

Wann d’Fleesch ofgekillt ass, den Uwen op 180°C Ober- an Unterhitze wiermen.

De Bliederdeeg ausrullen an a 4 identesch länglech Stécker schneiden. 2 Stéck mat je 3 Tranchen Parmaham beleeën an dobäi e Rand vun 2 cm fräi loossen. D’Ham mat der 2/3 vun der Duxelle besträichen.

De Garn vum Fleesch ewechhuelen an ee Stéck Fleesch op d’Duxelle leeën.

D’Bliederdeegränner mat Ee besträichen an déi 2 Bliederdeegrondelen op d’Fleesch leeën an un den Enner gutt fest drécken. Alles mat engem Ee bersträichen an e Rautemuster an de Bliederdeeg ritzen.

Op e Blech mat Bakpabeier leeën.

D’Dinde Wellington muss 30 Minutte laang baken.

Fir d’Sauce, d’Zwiwwel schielen an fein haken. 20g Botter an der Pan déi Dir scho benotzt hutt hëtzen. D’Zwiwwelen ubroden bis se glaseg sinn, dann den Hunneg dobäiginn an weider ubroden. De roude Wäin an den Esseg draschëdden an opkache loossen.

D’Flëssegkeet bis op d’Halschen reduzéiere loossen, de Bouillon draschëdden an nach eng Kéier opkache loossen.

De Rescht vun den 30g Botter schmëlzen, mat Maizena mëschen an an d’Sauce ginn. D’Rahm dramaachen a wierzen. Nach eng Kéier opkache loossen, dann e puer Minutte köchele loossen bis d’Sauce méi déck gëtt. D’Sauce siften an an eng Saucière schëdden.

Fir d’Airelle Gebees, déi gefrueren Airellen, de Porto an den Zocker an en Dëppe ginn an opkache loossen. 10 Minutte laang kache loossen bis d’Flëssegkeet agekacht ass. An d’Saucière schëdden.

Wann d’Dinde fäerdeg ass, an déck Scheiwe schneiden a mat der d’Sauce an dem Airelle Gebees zerwéieren.

Sweet Potato Mash

RTL

Déi séiss, faarweg Knollen enthale ganz vill Nährstoffer. Si hunn e gudden Effet op ons Gesondheet a schmaachen exzellent. Obwuel si näicht mat de klassege Gromperen ze dinn hunn, kann een mat de Séisse Gromperen awer en herrleche Purée maachen.

4 Persounen – Preparatioun 15 Minutten – 15 Minutten kachen– Séier an einfach

1kg Séiss Gromperen
4EL Sauerrahm
¼ TL Muskatnoss
Salz a Peffer

Preparatioun:

D’Grompere schielen an a Wierfele schneiden. An engem groussen Dëppen mat Salzwaasser 15 Minutte kachen. Ofschëdden an zerstampfen.

D’Sauerrahm an d’Muskatnoss dobäi ginn a mat Salz a Peffer wierzen.

Mulled Wine Jelly

RTL

De Wackelpudding! Déi eng hunn et gär, déi aner kënnen et net iessen. Eng komesch Inventioun déi och ganz britesch ass.

6-8 Persounen – Preparatioun 15 Minutten – Ofkillen 24 Stonnen – Einfach

500ml roude Wäin
1 Stäerenanäis
1 Zëmtstaang
6 Neelcheskäpp
2cm frësche Gingembre
1TL Vanillsaroma
150g Zocker
25ml Whisky
6 Blieder Gelatine
Sonneblummenueleg

Preparatioun:

De Wackelpudding den Dag virdu preparéieren. De roude Wäin, d’Gewierzer, de Vanillsaroma, den Zocker an de Whisky an e grousst Dëppe maachen an bei mëttlerer Hëtzt 10-15 Minutten zéie loossen. Heiansdo réieren bis sech den Zocker ganz opgeléist huet. Vun der Kachplaque erofhuelen.

An der Tëschenzäit d’Gelatine 5 Minutte laang an enger Schossel kalem Waasser aweeche loossen. D’Blieder ausdrécken an an de Glühwäin ginn. Sou laang réieren bis sech d’Gelatine komplett opgeléist huet.

Eng Puddingsschossel oder eng schéi Bakform afetten. Wann Dir kleng Portiounen maache wëllt, kënnt Dir och kleng Plastikbecheren huelen. De waarme Glühwäin an d’Form siften, a mat Folie ofdecken an fir d’Nuecht kal stellen.

Den Dag drop:
Fir de Wackelpudding aus der Form ze huelen, d’Form a waarmt Waasser stellen. A kengem Fall kachend Waasser gebrauchen, well soss schmëlzt de Pudding. D’Form e puer Minutten am Waasser loossen, bis sech d’Ränner liicht léisen. E Plateau huelen an dropleeën an dat Ganzt ëmdréinen. Uschléissend d’Form lues rëselen sou datt sech de Pudding léist. Wann dat net de Fall ass, kann een d’Form e bësse méi laang am Waasser loossen.

Chestnut Meringue Roulade

RTL

Wat wier Chrëschtdag ouni Traditiounen? Hei zu Lëtzebuerg ass d’Bûche um Hellegowend e Familljeritual. D'Anne preparéiert awer léiwer e Plat wou aplaz vu Biscuit eng mëll Meringue geholl gëtt dee wéi e Mont Blanc mat Käschtepurée a Mascarponecrème gefëllt ass. Dat Ganzt nach mat e puer knauserege Mandelen déi dem Dessert den néidege Bëss ginn.

8-10 Persounen – Preparatioun 25 Minutten – Baken 20 Minutten – Brauch e bëssen Übung

Fir d’Meringue:
4 Eewäiss
190g Zocker
1 TL Vanillaroma
1 TL wäissen Esseg
1 TL Maizena

Fir de Mandelcroquant:
60g Zocker
100g ganz Mandelen

Fir d’Fëllung:
1 Eewäiss
350g Mascarpone
140g griichesche Joghurt
40g Zocker
1 Pak Vanillszocker oder 1TL Vanillsaroma
400g séisse Käschtepurée
1 EL Rum
Pudderzocker fir driwwer ze streeën

Preparatioun:

Fir d’éischt gëtt d’Meringue gemat. Den Uewen gëtt op 180 °C Ëmloft gewiermt. E Blech mat Bakpabeier ausleeën an dënn mat Ueleg areiwen.

D’Eewäiss steif schloen. No an no den Zocker dramaachen an ëmmer weider schloen, bis datt d’Eewäiss glänzt. De Vanillsaroma, den Esseg an de Maizena dobäi ginn an nach eng Kéier schloen, bis datt déi ganz Mass extrem steif ass.

Den Eeërschnéi gläichméisseg op dem Blech verdeelen, dobäi muss een awer doropper oppassen, datt d’Schicht mindestens 2 cm déck ass. 10 Minutte baken, dann d’Temperatur op 150°C reduzéieren an nach fir weider 10 Minutte baken.

Während d’Meringue am Uewen ass, kann een d’Fëllung an de Mandelcroquant virbereeden.

Fir de Mandelcroquant gëtt den Zocker an enger Pan op mëttlerer Hëtzt carameliséiert. D’Mandel gëtt een dann dobäi a mat engem Holzläffel gutt réieren bis datt all Mandel mat dem geschmolltenen Zocker bedeckt sinn. 1 Minutt weider wiermen, an op d’Säit stellen an ofkille loossen.

Wann d’Mandelen ofgekillt sinn, hëllt een eng kleng Tut wou een d’Mandelen draméch a met engem zolitte Kachläffel kleng schléit.

Fir d’Mascarponecrème d’Eewäiss steif schloen, d’Mascarpone, de griichesche Joghurt, den Zocker an de Vanillszocker an eng Schossel maachen a réieren. De Schnéi drënner klappen.

Fir d’Käschtecrème de Käschtepurée mat dem Rum an eng Schossel maachen a glat réieren.

D’Meringue aus dem Uewen huelen a 5 Minutten ofkille loossen. Dann d’Meringue op en neit Stéckt Bakpabeier maachen, de Pabeier dee matgebak gouf ewechzéien.

D’Maronscrème op déi ënnescht 2/3 vun der Bannesäit vun der Meringue verdeelen. D’Mascarponecrème op déi iewescht Halschent vun der Maronscrème verdeelen sou datt d’Mascarponecrème an der Mëtt vun der Meringue ass. D’Mascarponeschicht mat de Mandelcroquant bestreeën.

D’Meringue mat der Maronscrème iwwert d’Mascarponeschicht falen an d’Meringue ganz virsiichteg oprullen. Et ass normal datt d’Meringue dobäi liicht bréckelt. Déi zwee Enn ofschneiden. D’Meringuesrull virsiichteg op e Plateau leeën a gläich zerwéieren oder kal stellen.

Ier Dir dësen Dessert zerwéiert soll e nach mat Pudderzocker bestreet ginn.