Wat D'Anne Faber ëmmer erëm faszinéiert ass wéi facettëräich Istanbul ass!

HÄERZHAFT BAKLAVA

RTL

Fir 4 Persounen • Preparatioun 45 Minutten • Bake 35 Minutten. • Einfach • Vegetaresch
3 Zwiwwelen
3 EL Olivenueleg
2 Knuewelekszéiwen
1⁄2 TL Zëmt
1⁄2 TL Zocker
1⁄2 TL Salz
Peffer
5 EL frëschen Dëll, gehaakt
3 EL Tomatepurée
60 g Dattelen ouni Steng
80 g Walnëss
6 Blieder Filodeeg
60 g geschmolltene Botter
200 g Feta
schwaarze Sesam (no Wonsch)
1 EL flëssege Hunneg

D’Zwiwwele schielen, an der Mëtt duerchschneiden a kleng schneiden. Den Olivenueleg an enger Pan hëtzen an d’Zwiwwelen bei mëttlerer Temperatur 4 Minutten dëmpen.

De Knuewelek schielen, pressen a mat Zëmt, Zocker, Salz a Peffer bei Zwiwwele ginn a weider 3 Minutte goe loossen.

Den Dëll, den Tomatepurée a 4 EL Waasser dobäiginn a weider 3 Minutte goe loossen, bis Zwiwwelen gutt duerch sinn. Vun der Plaque erofhuelen an op d’Säit stellen.

D’Dattelen reng schneiden a bei Zwiwwele ginn. D’Nëss graff haken. Den Uewen op 180°C virhëtzen.

D’Filodeeg-Blieder halbéieren. En Deegblat an eng 24x18 cm grouss Oplafform leeën a mat dem geschmolltene Botter apinselen. Nach weider 3 Deegblieder dropleeën a mat geschmolltenem Botter apinselen. Nach 3 weider Deegblieder dropleeën an all eenzelt Blat mat Botter apinselen.

D’Halschent vun den Zwiwwele, d’Halschent vun de Nëss an d’Halschent vun zergrimmelte Feta op dem Filodeeg verdeelen

Mat 4 weidere gebotterte Filoblieder bedecken an dann de Rescht vun den Zwiwwelen, den Nëss an dem Rescht vum Feta op dem Deeg verdeelen. Zum Schluss mat de leschte 4 gebotterten Deeglieder ofdecken.

Virum Baken, de Baklava a Quadrater schneiden. Beim Schneiden ass es ganz wichteg, duerch all d’Deegschichten komplett duerchzeschneiden. Sou kënnt Dir de Baklava no dem Baken nach eng Kéier duerchschneiden ouni datt den Deeg brécht.

No Wonsch, mat e bësse Sesam drop streeën.
35 Minutte baken an de Baklava virum Zerwéieren e puer Drëppsen Hunneg dropmaachen.

IMAM BAYILDI

RTL

Fir 4 Persounen • Preparatioun 1:45 h • Roue loossen 20 Minutten • Eppes méi opwenneg • Vegetaresch
Fir d’Auberginen:
4 kleng Auberginen (je 250 g)
4 Zwiwwelen
4 Knuewelekszéiwen
8 EL Olivenueleg
2 Dousen gehakkten Tomaten (800 g)
Salz a Pfeffer
1⁄2 TL Zocker
3 EL grousse Péiterséileg, kleng geschnidden

Fir de Riz-Pilaf:
1 1⁄2 EL Olivenueleg
15 g Botter
3 EL Orzo- oder Bagos-Nuddelen
300 g Räis
750 ml Gefligel- oder Geméisbouillon

D’Aubergine wäschen a mat dem Geméisschieler ronderëm an Ofstänn e puer laang Sträife Schuel ofschielen, sou datt e gesträiftenen Effekt entsteet. Déi geschielte Plazen mat Salz areiwen an an enger Passette 20 Minutte roue loossen.

An der Tëschenzäit, d’Zwiwwele schielen a kleng schneiden a de Knuewelek schielen. No 20 Minutten, d’Salz vun den Auberginen ofwäschen an dréchenen.

Den Olivenueleg an enger Pan hëtzen an d’Auberginen ronderëm fir ongeféier 8 Minutte brong ubroden. Wann Dir grouss Auberginen huelt braucht Dir heifir 2 Panen.

D’Auberginen aus der Pan huelen an op en Teller leeën fir ofzekillen.

D’Zwiwwelen an déi Pan maachen wou d’Aubergine virdrun ugebrode gi sinn. ½ TL Salz dobäi ginn a glaseg dëmpen. De Knuewelek pressen, bei d’Zwiwwele ginn an weider 2 Minutte broden. Da vun der Plaque huelen.

Den Uewen op 160°C Ëmloft hëtzen. D’Auberginen der Längt no opschlitzen awer net duerchschneiden, d’Fleesch e bëssen auserneen drécken, sou datt eng kleng Täsch entsteet. All Täsch mat den Zwiwwele fëllen.

De Rescht vun den Zwiwwelen nees wiermen. D’Tomaten, 100 ml Waasser, ½ TL Salz, Peffer, ½ TL Zocker a Péiterséileg dobäiginn an opkachen. Vun der Plaque huelen an an eng Keramik Oplafform maachen.

Déi gefëllten Auberginen an d’Tomatesauce leeën an am Uewen eng Stonn goe loossen.

De Riz-Pilaf, 25 Minutte virum Schluss vun den Auberginen hiere Zäit, virbereeden. Den Olivenueleg an de Botter an engem Dëppen hëtzen. D’Orzo-Nuddelen dobäi ginn an e puer Minutte brong gi loossen. De Räis dobäi ginn a réieren, sou datt alles gutt mat Botter bedeckt ass.

De Bouillon draschëdden an opkache loossen. D’Temperatur erofsetzen, d’Dëppen zoudecken a 15 Minutte goe loossen, bis déi ganz Flëssegkeet agekacht ass. Dobäi soll een ni den Deckel vum Dëppen erofhuelen an och net am Räis réieren.

Wann d’Flëssegkeet agekacht ass, d’Dëppen vun der Plaque huelen. Den Deckel erofhuelen, e Stéck Kichepabeier op d’Dëppe leeën an nees mat dem Deckel ofdecken. De Räis 5 Minutte bis virum Zerwéiere stoe loossen. De Kichepabeier saugt nämlech de Rescht vun der Flëssegkeet op a gëtt dem Räi eng lëfteg Konsistenz.

D’Aubergine direkt aus dem Uewen huelen a mat warmem Räis zerwéieren.

HÜLYA’S Courgettekichelecher

RTL

Fir 16 Kichelcher fir 4 Persounen • Preparatioun 45 Minutten • Einfach • Vegetaresch
2 Courgetten (500 g)
3⁄4 TL Salz
1-2 Muerten (200 g)
3 jonk Zwiwwelen
1 kleng Zwiwwel
3 EL frëschen Dëll, kleng geschnidden
4 EL frësche Péiterséileg, kleng geschnidden
100 g Feta
140 g Miel
1 Ee
Pfeffer
1⁄4 TL Chiliflakken
Olivenueleg fir ze Broden
200 g Joghurt

D’Courgette wäschen a reiwen. En enger Passette mat ¼ TL Salz mëschen an 20 Minutte laang zéie loossen.

An der Tëschenzäit d’Muerte schielen a reiwen. Aus de geriwwene Muerten d’Flëssegkeet mat den Hänn erauspressen an d’Muerten an eng Schossel ginn.

Déi Jonk Zwiwwele wäschen, botzen, a kleng Rulle schneiden an d’Schossel ginn. D’Zwiwwel schielen, kleng schneiden an an d’Schossel ginn. Den Dëll an de Péiterséileg dobäi ginn an alles gutt vermëschen.

No 20 Minutten, de rescht vun der Flëssegkeet aus de Courgette pressen an d’Courgette an d’Schossel ginn. D’Miel, d’Ee, e bësse Peffer, ¼ TL Salz an d’Chiliflakken dobäi ginn an alles gutt vermëschen.

De Buedem vun enger Pan gutt mat Olivenueleg bedecken an hëtzen. Fir ze testen op den Ueleg waarm genuch, e bësse vun der Mëschung an d’Pan ginn. Wann d’Fett ufänkt mat brutzelen da kënnt Dir d’Kichelcher broden. Fir 1 Courgettekichelchen, 1 EL Mëschung an d’Pan ginn. D’Mëschung liicht flach drécken an op all Säit 2-3 Minutte frittéieren.

Kuerz virum zerwéieren, de Joghurt mat ¼ TL Salz an e bësse Peffer wierzen a bei all Kichelche e Klécks Joghurt ginn.