Den 3ten Deel vu dem Anne sengem Berlin Trip... Dës Kéier gëtt gebak!

Äppelkuch

RTL

23 cm ø Sprangform • Préparatioun 45 Min. • Ofkillen 2 h • Baken 45 Min. • E bësse komplizéiert

Fir den Deeg:
100 g kale Botter
200 g Miel
1 Ee
30 g Zocker
e bësse Salz
1 Pak Vanillszucker

Fir de Belag:
3-4 Äppel
Jus vun 1⁄2 Zitroun
100 ml Rahm
80 g Zocker
2 Eeër
Muerch vun 1 Vanillsstaang
Pudderzocker fir driwwer ze streeën

Préparatioun vum Deeg: De Botter a kleng Wierfele schneiden a mat Miel, Ee, Zocker, Vanillszocker a Salz an eng grouss Schossel ginn a mat der Kichemaschinn zu engem Deeg knieden.

Da mat den Hänn weider zu engem Deeg knieden. Wann den Deeg dréchen ass, 1-2 EL Waasser dobäi ginn, sou datt en se gutt verbënnt awer net pecht. Den Deeg zu enger Kugel formen a mat Klarsichtfolie awéckelen. Mindesten fir 2 Stonne kal stellen.

Wann déi 2 Stonne bal ofgelaf sinn, d’Äppel schielen, a véier deelen an de Batz ewechhuelen. D’Äppel flach aschneiden, awer net duerch schneiden. E puer Drëpsen Zitrounejus dropmaachen an an eng grouss Schossel leeën.

Den Uewen op 180°C Ëmloft wiermen.

Eng Sprangform mat 23 cm Duerchmiesser afetten. Den Deeg op enger Plaz wou Miel drop ass, dënn ausrullen an d’Form domat ausleeën. Den Deeg bis op 2/3 vun der Héicht vun der Form eropzéien an gutt drécken. Den Deeg deen zevill ass, ofschneiden. De Buedem mat enger Fourchette astiechen.

D’Äppel an engem Krees op den Deeg verdeelen, woubäi déi Äppel déi bausse sinn ganz no un de Bord leeën a gutt drécken, datt de Rand beim Bake net ëmfält. All d’Äppel op den Deeg leeën a 25 Minutte laang baken.

An der Tëschenzäit gëtt d’Vanillscrème preparéiert: D’Rahm mat Zocker an den Eeër schaumeg schloen an d’Vanill dobäi maachen.

No 25 Minutte Bakzäit, d’Vanillscrème iwwert d’Äppel schëdden a weider 20 – 25 Minutte laang bake loossen, bis de Kuch gëlle brong ass.

Virum Zerwéieren nach e bësse Pudderzocker dropmaachen.

Kaiserschmarrn mat Molbier a Speck

RTL

Fir 4 Persounen • Préparatioun 50 Min. • Einfach

8 Eeër
e bësse Salz
30 g Zocker
2 Päck Vanillszocker
200 g Miel
400 ml Mëllech
100 g Botter
200 g Molbier
4 EL Pudderzocker
12 Scheiwe Pancettaoder Speck
Ahornsirop fir ze Zerwéieren

Den Uewen op 100°C Ëmloft wiermen. D’Eeër trennen an d’Eewäiss mat e bësse Salz, steif schloen.

D’Eegiel an enger Schossel mat Zocker a mat Vanillszocker schaumeg schloen. D’Miel an d’Mëllech dobäi ginn a gutt vermëschen.

De Schnéi douce ënnert den Deeg hiewen, bis den Deeg glat ass.

1 EL Botter an enger Pan wiermen. ¼ vun der Deegmass an d’Pan ginn, e puer Molbier dramaachen a bei mëttler Temperatur e puer Minutte baken, bis d’Uewerfläch Blose mécht an de Buedem gëlle brong ass.

De Paangech an der Pan a véier deelen an all Véierel eenzel dréinen. Dann direkt den Deeg a Stécker zerdeelen.

De Kaiserschmarrn eng weider Minutt baken, dann 1 EL Botter dobäi ginn an de Schmarrn virsiichteg dran dréien.

Een EL Pudderzocker op de Schmarrn maachen, 1 weider Minutt baken, an an eng feierfest Form fëllen a bis zerwéiert gëtt am Uewe waarm halen.

De Rescht vum Deeg gëtt genau esou preparéiert. Kuerz virum Zerwéieren de Speck an enger Pan gëlle brong broden. All Portioun Kaiserschmarrn mat 3 Scheiwe Speck an Ahornsirop zerwéieren.

Routwäin-Kuch

RTL

Fir 12 Persounen • 2-Liter-Gugelhupfform • Préparatioun 30 Min. • Baken 1:15 h • Einfach

4 Eeër
e bësse Salz
200 g Botter, Zëmmertemperatur
200 g Zocker
1 Päck Vanillszocker
250 g Miel
2 TL Bakpolver
1 TL Zëmt
1 TL Kakaopolver
4 EL Rum
170 ml roude Wäin
100 g Schoklasstreiselcher

Fir d’Zëmt-Routwäinglasur:
100 g Pudderzocker
e bëssen Zëmt
2 EL roude Wäin
e Grapp voll Cranberries (no Wonsch)

Den Uewen op 180°C Ëmloft virhëtzen. D’Eeër trennen an d’Eewäiss mat e bësse Salz steif schloen.

De Botter, den Zocker an de Vanillszocker an enger grousser Schossel schaumeg schloen. D’Eegiel dobäi ginn an drënner mëschen.

An enger separater Schossel, d’Miel, de Bakpolver, den Zëmt an de Kakaopolver vermëschen an no no ofwiesselnd Rum a roude Wäin ënnert d’Eeër mëschen. Wann den Deeg eenheetlech ass, d’Schoklasteiselcher drënner ginn.

De Schéi mat engem hëlzenen Läffel drënner hiewen. Eng 2 Liter Gugelhupfform afetten. Den Deeg dramaachen an 1h15 baken.

De Kuch aus dem Uewen huelen, 10 Minutte laang ofkille loossen an op e Bakgrill leeën. Komplett ofkille loossen.

Wann de Kuch ofgekillt ass, gëtt d’Glasur preparéiert. De Pudderzocker, den Zëmt an de roude Wäin an enger Schossel zu enger cremeger Glasur verréieren. Wann d’Glasur ze vill flësseg wier, méi Pudderzocker dobäi ginn.

De Routwäin-Kuch mat der Glasur bedecken, mat Cranberries dekoréieren a virum Zerwéieren 1 Stonn laang roue loossen.