Den 4ten a leschten Deel vu dem Anne sengem Berlin Trip!

'Nordséi' Fësch-Tacos

RTL

Fir 4 Persounen • Aleeën 3 h im Viraus • Préparatioun 55 Minutten. • Einfach
Fir d’ageluechten Zwiwwelen:
1 rout Zwiwwel
70 g Zocker
80 ml Wäisswäinesseg
11⁄2TL Salz
1 1⁄2 TL schwaarz Pefferkären
1⁄2 Zëmtstaang

Fir d’Kabeszalot :
300 g wäisse Kabes
1 klengen Apel
1 EL Limette-Jus
1 EL Hunneg
1 EL Olivenueleg
3 EL frësche Péiterséileg, reng geschnidden
Salz a Peffer

Fir d’Mayonnaise:
80 g Mayonnaise
1 TL Harissa
2 TL Limette-Jus

100 g Tortillachips, gesalzt
20 g Miel
1Ei
400 g Kabeljau oder Aiglefin
Olivenueleg fir ze broden
Salz a Peffer
8 kleng oder 4 normal Tortilla-Wraps
2 Limetten fir ze zerwéieren

Fir d’éischt ginn d’Zwiwwelen am Esseg ageluecht. Dofir muss d’Zwiwwel geschielt ginn, an der Mëtt duerchgeschnidde ginn, a fein Scheiwe geschnidde ginn an an eng gemat ginn.
Den Zocker, den Esseg, d’Salz, déi schwaarz Pefferkären an dem Zëmt an e klengt Dëppe ginn an opkachen. Iwwert d’Zwiwwele schëdden, ofdecken a bei Zëmmertemperatur op mannst 3 Stonne laang zéie loossen.

Wann d’Zwiwwelen ageluecht sinn, gëtt de Kabes virbereet. D’Mëtt vum Kabes eraushuelen. De Kabes a fein Scheiwe reiwen an an eng Schossel maachen.

Den Apel schielen, a véier deelen, de Batz eraushuelen, reiwen a bei de Kabes ginn. De Limette-Jus, den Hunneg, den Olivenueleg an de Péiterséileg dobäiginn a mat Salz a Peffer wierzen. D’Kabeszalot gutt mëschen an eng hallef Stonn laang zéie loossen.

An der Tëschenzäit gëtt d’Mayonnaise preparéiert. D’Mayonnaise, d’Harissa an de Limette-Jus mëschen a bis d’Sauce gebraucht gëtt, kal stellen.

D’Tortillachips an eng Tut maachen a mat der Bakrull a zergrimmelen. D’Grimmelen aus der Tut huelen an op en Teller ginn.

D’Miel op en aneren Teller maachen a mat Salz a Peffer wierzen. D’Ee an engem déiwen Teller mëschen. De Fësch an 8 laang Stécker schneiden, sou datt e wéi Fëschstiebecher ausgesäit. All Stéck vum Fësch am Miel an dann am Ee dréinen a mat Tortillagrimmelen panéieren.

E gudde Schotz Olivenueleg an eng Pan ginn an déi panéiert Fëschstiebecher 5 Minutte laang gëlle brong broden, dobäi soll een se awer regelméisseg dréinen.

En ½ TL Olivenueleg an nach enger anerer Pan wiermen an d’Tortilla-Wraps 1 Minutt op all Säit hëtzen. Sou kritt de Wrap e puer Blosen a gëtt knausereg. Alternativ kann een d’Wraps awer och fir 30 Sekonnen bei 600W an d’Mikrowell maachen. D’Wraps op 4 Tellere verdeelen.

D’Fëschstiebecher op engem Kiche Pabeier ofdrëpse loossen.

D’Kabeszalot an d’Fëschstiebecher op all Wrap maachen. Dat Ganzt, mat den agemaachten Zwiwwelen a Mayonnaise garnéieren. E puer Drëppsen Limette-Jus dropmaachen.

Schwarzwald-Becher

RTL

Fir 4 Becheren • Préparatioun 35 Minutten. • Séier an einfach
4 EL Kiischtegebees
6 EL Kirsch Likör
100 g Kiischten aus dem Glas, entsteent an ofgedrëpst + e puer fir ze Dekoréieren
300 ml Rahm
1 1⁄2 TL Vanillszocker
15 g Zocker
4 grouss oder 8 kleng Baisers
3 Schoklasmuffins

D’Kiischtegebees, déi 4 EL Kirschlikör a 4 EL Waasser an engem Dëppe bei mëttler Temperatur schmëlzen, mëschen an op d’Säit stellen.

D’Kiischten mat 2 EL Kirschlikör an enger Schossel mëschen a bis se gebraucht ginn op d’Säit stellen.

D’Rahm mam Vanillszocker an dem Zocker steif schloen. D’Baisers graff zergrimmelen an d’Halschent vun de Grimmelen op 4 Glieser opdeelen.

D’Schokllasmuffins och zergrimmelen, d’Halschent op Baiserschicht verdeelen a jeeweils 1 EL Kiischtesirop drop drëpse loossen.

D’Kiischten op d’Muffinsschicht verdeelen a mat der Halschent vun der Schlagsahn besträichen. Je eng Schicht vum Rescht vun de Baisers op d’Schlagsahn verdeelen, dann eng Schicht vum Rescht vun de Muffins op dem Baiser verdeelen an alles mat engem Läffel douce drécken.

De Rescht vun dem Kiischtesirop drop drëpse loossen a mat dem wat vun der Schlagsahn nach iwwereg ass besträichen. Fir ofzeschléissen mat enger Kiischt garnéieren.