Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Kulturliewe presentéiert an engem neien "art-eckege" Format.

De Paul Cézanne, franséische Moler aus dem 19. Joerhonnert, gëllt haut als e wichtege Virreider vun der Klassescher Moderne. Wéinst senge villfältege Molereien a Genrë gëtt hie gären avantgardistesch genannt. E Moler, dee senger Zäit viraus war. De Cézanne huet och nach no sengem Doud vill Artiste beaflosst, dorënner och de Lëtzebuerger Moler Joseph Kutter.

1894 ass de Joseph Kutter an der Stad op d'Welt komm. Säi Papp, de Paul Kutter, war ee vun den éischte Fotografen hei am Land. Wärend senge Studien zu Stroossbuerg an zu München huet de Joseph Kutter den Expressionismus fir sech entdeckt. E Genre, deen awer hei am Land guer net beléift war. Zu där Zäit war dat klengbiergerlecht Lëtzebuerg net prett fir avantgardistesch Moler. De Joseph Kutter wollt awer vun der akademescher Molerei fortkommen a war dofir vun 1927 u Member a Matbegrënner vun de Lëtzebuerger Sezessionisten. E Grupp vu Kënschtler, déi hiren eegene Salon Artistique organiséiert hunn, mat der Iddi Traditiounen ze briechen.

1933 fänkt eng däischter Zäit un: ënnert dem Afloss vun den Nationalsozialisten ginn dem Joseph Kutter seng Wierker als degeneréiert Konscht agestuuft, wéi de ganze Genre vum Expressionismus, deen esou guer net an d’Schéinheetsideal vun der sougenannter däitscher Konscht gepasst huet. Seng Biller sinn awer trotzdeem weiderhin zu Paräis, Bréissel an Antwerpen ausgestallt ginn.

An der Belsch an a Frankräich waren dem Kutter seng Wierker ganz beléift, bei eisen Noperen ass hien deemools schonn als e grousse Moler gefeiert ginn. Well de Joseph Kutter heiheem zu Lëtzebuerg awer als provokativ ugesi ginn ass, huet hie senger Heemecht de Réck gedréint. Vun 1930 un huet hie keng Wierker méi hei gewisen.

An engem Selbstportrait huet de Kutter sech als traurege Clown gemoolt, eng Referenz u seng mental a kierperlech Verfassung. Hien huet ënnert enger rätselhafter Krankheet gelidden, déi ni diagnostizéiert konnt ginn. 1941 ass de Joseph Kutter am Alter vun nëmme 47 Joer gestuerwen.

Schlussendlech krut hien och zu Lëtzebuerg déi Unerkennung, déi hie schonn an eisen Nopeschlänner genoss huet. Leider huet hien dat net méi materlieft.

Art Eck - ëmmer freides um 19h50 op RTL Télé Lëtzebuerg an am Replay op rtl.lu.