Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Kulturliewe presentéiert an engem neien "art-eckege" Format.

Dat heiten ass déi weltwäit eelste Foto, déi existéiert. 1826 huet de Fransous Nicéphore Niépce déi éischt fotografesch Technik entwéckelt – d’Heliografie. 38 Joer dono entsteet déi heite Foto – déi eenzeg Foto vun eisem bekanntesten Nationaldichter – dem Michel Rodange.

1827 ass de Michel Rodange, an dësem Haus zu Waldbëlleg op d’Welt komm. Seng Kandheet ass markéiert vun der belscher Revolutioun, eng Period voller politescher Streidereien tëschent der Belsch an Holland. A Lëtzebuerg war mattendran, Hongersnout a vill Leed gouf et fir d’Bevëlkerung.

De Michel Rodange war esou eppes wéi en “Nationalbummler”– 12 mol ass hien innerhalb vu Lëtzebuerg geplënnert. Net esou selbstverständlech, wann ee bedenkt, datt deemools d’Plënneren immens emständlech an deier war an d’Mobilitéit nach reduzéiert. Eréischt vun 1859 un ass zu Lëtzebuerg en Zuch gefuer. Iwwregens ass fir d’Aweiung vun der Zuchstreck, och déi éischte Kéier de Feierwon gesonge ginn.

1845 huet de Michel Rodange eng Ausbildung als Schoulmeeschter gemaach, e Beruff, dee miserabel bezuelt war mat engem Joresgehalt vun 700 Frang. (17,5 Euro)

Déi franséisch Regierung, ënnert dem Napoléon den Drëtten, hat 1867 wëlles Lëtzebuerg ze kafen. Zousätzlech gouf et hei am Land grouss Streidereien ënnert den Industriehären, déi meeschtens och Politiker waren.

Fir de Michel Rodange war dat den Ophänkert fir eng satiresch Parodie, bei där e sech um Goethe sengem Reineke Fuchs inspiréiert huet. Am “Renert - de Fuuss am Frack an a Maansgréisst” huet hien déi sozial a politesch Mëssstänn zu Lëtzebuerg schaarf kritiséiert. D’Wierk koum 1872 eraus, mä den Intérêt war net grouss. Mol keng 100 Exemplairen si bis zum Rodange sengem Doud véier Joer méi spéit verkaf ginn. Eréischt 25 Joer dono, um Ufank vum 20. Joerhonnert ass de Renert bei engem breede Public bekannt ginn. A gouf dunn zum National-Epos: eng Geschicht déi bis haut zäitlos ass.

Vu sengem Schreiwe konnt de Michel Rodange net liewen. Hien koum, nodeems en als Schoulmeeschter opgehalen hat, op verschidde Poste bei Ponts-et-Chaussées an huet spéider beim Ofrappen vun der Festung Lëtzebuerg gehollef.

Privat haten de Michel Rodange a seng Fra vill Misär. Vun 10 Kanner, sinn der 6 kuerz no der Gebuert gestuerwen. 1865 ass säi Brudder an der Sauer erdronk, eréischt no zwee Méint ass de Kierper an der Géigend vun Tréier fonnt ginn. An de leschte Jore vu sengem Liewen hat de Michel Rodange och gesondheetlech Problemer a war mam Mo geplot. 1876 ass hie mat 49 Joer a Clausen gestuerwen.

Um Enn vu sengem Liewen hat hien all seng Gedichter gesammelt, opgefrëscht an an engem Manuskript mat 72 Wierker verschafft.

Onvergiess bleift de Michel Rodange awer vrun allem wéinst senger Fuussegeschicht.

Art Eck - ëmmer freides um 19h50 op RTL Télé Lëtzebuerg an am Replay op rtl.lu.