Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Kulturliewe presentéiert an engem neien "art-eckege" Format.

D'Spuenesch Gripp, zwee grouss Weltkricher, DDR, Tschernobyl, den Zerfall vu Jugoslawien – Am 20. Joerhonnert ass de Mënsch ëmmer erëm u seng emotional a physesch Grenze komm. De bedeitende franséischen Auteur Albert Camus huet mat senge Wierker vill iwwert existenziell Froen philosophéiert – an dobäi de Sënn vum Liewen a Fro gestallt.

De Mënsch war och de Mëttelpunkt am Sculpteur, Zeechner a Moler Charles Kohl senger Aarbecht. Seng Figure leiden, sinn agespaart an isoléiert oder probéieren aus hirem Zoustand auszebriechen. Fir de Charles Kohl war dëst eng Manéier d'Realitéit a seng eegen Erliefnisser emotional ze verschaffen. Gebuer sinn de Charles Kohl a säin Zwillingsbrudder Alviss 1929 zu Rodange. Hien ass schonn als Artist op d’Welt komm. Am Alter vun 3 Joer huet hie seng éischt Skulptur modeléiert. Säi Papp de Jean Kohl huet hien dacks an den Atelier vum Lëtzebuerger Sculpteur Claus Cito matgeholl. Dee Sculpteur, deem mir d'Gëlle Fra verdanken.

Mat 13 Joer huet de Charles Kohl bei enger Ausstellung mam Titel „Deutsche Wehrmacht“ matgemaach. E Relief vun engem däitschen Zaldot huet hien an de Stee gemeesselt. En däitschen Offizéier ass op säi Wierk opmierksam ginn a wollt, datt hie bei enger Gruppenausstellung zu Köln mat géing maachen – a Presenz vum Adolf Hitler. Fir dat ze verhënneren, hunn dem Charles Kohl seng Elteren hie krank gemellt. Excuse: hien hätt eng Gielzecht.

Den zweete Weltkrich hannerléisst déif Spuere beim Charles Kohl. Säi grousse Brudder Antoine ass an KZ Hinzert komm an ass kuerz duerno verstuerwen. Dës markant a grausam Zäit verschafft de Charles Kohl ëmmer nees a senge Skulpturen. Zaldoten, Kämpfer, Käpp ouni Gesiichter.

Dat heiten ass e Selbstportrait vum Charles Kohl, gemoolt huet hie sech wéi de bekannten hollännesche Moler Rembrandt – mat engem schwaarzen Berret, engem Kittel a staarken Hell-Donkel-Kontraster. Inspiratioun huet hien, wärend senger Studentenzäit zu Paräis, bei de grousse Meeschter fonnt– Rembrandt, Michelangelo, Rodin an och den Albert Camus. All Sonndeg ass de Charles Kohl zu Paräis an e Musée gaangen.

Säi ganzt Liewen huet sech ronderëm d’Konscht gedréint. Mat grousser Sensibilitéit a vill Intellekt huet de Charles Kohl a senge Wierker de Mënsch am 20. Joerhonnert duergestallt.

Zum Schluss vu sengem Liewen war hie bal blann an huet nëmmen nach 4 % gesinn. Am Blannenheem zu Miersch huet hien awer nach aus der Erënnerung eraus gezeechent. 2016 ass hien am Alter vu 86 Joer gestuerwen.

Och wann de Charles Kohl an de leschte Joren a Vergiessenheet geroden ass, geréieren haut seng Neveuen a Niessen säi Wierk, a suergen dofir, datt hire Monni Charel, wéi si hien ëmmer genannt hunn, am Gedächtnis vum Lëtzebuerger Konschtpatrimoine bleift.

Art Eck - ëmmer freides um 19h50 op RTL Télé Lëtzebuerg an am Replay op rtl.lu.