Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Kulturliewe presentéiert an engem neien "art-eckege" Format.

D’Lëtzebuergerin Elise Hack ass an der Belle Epoque op Paräis ausgewandert an huet do als Déngschtmeedche geschafft. En Déngschtmeedche mat enger aussergewéinlecher Geschicht.

D’Elise Hack bleift bis haut e grousse Mysterium. De Portrait vun enger Fra, vun där bal näischt méi existéiert ausser hirer Konschtsammlung.

Art Eck - ëmmer samschdes a sonndes nom Journal op Télé Lëtzebuerg an um RTL Play.