Hie gehéiert zu de bekannteste Lëtzebuerger Scultpeuren
Am Kader vun Esch 2022 kucke mir all Mount op Perséinlechkeeten aus de Südgemengen an erzielen hir Liewensgeschichten.
„Welcome Stranger“ - dat ass weder den Numm vun enger Serie nach vun engem Roman. Et ass den Numm vun enger vun de gréisste Goldnuggets, déi jeemools fonnt goufen. 1869 ass dat gutt Stéck mat ronn 71 Kilo an Australien vu Goldgriewer entdeckt ginn. En Edelmetall, dat fir seng Onvergänglechkeet a säin onzerstéierbare Glanz steet.
Gold ass och e wichtegt Stéchwuert fir eng ganz besonnesch Fra. Si steet op engem 21 Meter héije Sockel an ënnert hirer Gëllener Haut besteet si aus Bronze. 1923 ass si, hei zu Lëtzebuerg, op d’Place de la Constitution stoe komm. Si huet vill misse matmaachen. Ganzer 35 Joer louch si an 3 Stécker ënnert dem Futtballstadion.
Dobäi koum hire schlechte Ruff - d’Fra, eng Mëschung aus griichescher Gëttin an der Muttergottes mam Stärekranz, gouf vun der kathoulescher Kierch als Frechheet opgeholl. Als ze plakeg an ze provokativ ass si kritiséiert ginn.
De kreative Kapp hannert der "plakeger Frechheet" war de Lëtzebuerger Sculpteur Claus Cito. A sengem Heemechtsduerf zu Nidderkäerjeng ass hien ëmmer Josy genannt ginn. Mat enger Päerdskutsch huet dem Claus Cito säi gudde Frënd, de Bäcker Jos Marx, den éischten Gipsentworf vun der Gëlle Fra an d'Haaptstad bruecht. Ma gegoss gouf si awer zu Bréissel an der "Compagnie des Bronzes".

© Collection Musée La Fonderie
De Claus Cito war e fräischaffende Kënschtler - hien huet vill Zäit zu Düsseldorf an zu Bréissel verbruecht a war befrënnt mat grousse Moler wéi dem August Macke. Mat 23 Joer huet den Cito zu Düsseldorf um Schauspielhaus ugefaange mat u Bünebiller fir Theaterstécker an Operen ze schaffen. Spéider huet hie sech finanziell mat Skulpture fir Griewer an Denkmaler, mol méi mol manner gutt, iwwer Waasser gehalen.
De Claus Cito ass säi Liewe laang sengem akademesche Schaffen trei bliwwen. Säi Stil orientéiert sech ganz um Naturalismus - eng Konschtrichtung, déi d'Realitéit duerstellt, ouni idealiséiert Formen.
Bis kuerz viru sengem Doud 1965 huet de Claus Cito a sengem Atelier gelieft - matten a sengem Liewenswierk voller Zeechnungen a Gipsofdréck. Säi bekanntsten a monumentalstent Wierk huet hien awer net méi um Sockel erëmgesinn. 20 Joer no sengem Doud ass d'Gëlle Fra eréischt zréck op hir Plaz komm. Mam "Monument du Souvenir" huet de Claus Cito awer fir ëmmer seng gëllen Handschrëft am Häerz vun Europa hannerlooss.

© Patricia Baum
1900 zu Paräis: eng onbekannte Fra gëtt dout aus der Seine gezunn. Hiert Gesiicht esou friddlech an zefridden, datt hir Doudesmask zu enger Inspiratioun fir eng ganz Kënschtlergeneratioun gëtt. De Picasso, de Man Ray, den Dali - alleguer hate se eng Kopie vun der Mask. Deemools ass si och als "Drowned Mona Lisa" bezeechent ginn - eng Legend, déi d’Paräisser Bohème faszinéiert huet. Wee Modell stoung beim Claus Cito senger Gëllener Fra ass net gewosst an domat bleift och si bis haut déi schéin Onbekannten.